En Dënschdeg de Moie war dat neit Agrargesetz Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Dat neit Agrargesetz wier e Kompromëss. Kee ganz gudden, mee et géif de Bauere Planungssécherheet ginn. Dat sot d'Martine Hansen en Dënschdeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun. D'Co-Fraktiounscheffin vun der CSV kritiséiert, dass d'Produktioun vu gesonde Liewensmëttel net méi als Haaptzil am Gesetz definéiert ass, an dobäi géing dat zu de wichtegsten Aufgabe vum Bauer gehéieren.

Donieft stéiert d'CSV sech och un der Definitioun vum "aktive Bauer", also de Bauer, deen och ka Bäihëllefe kréien. De Beruff wier immens komplex. Et bräicht een en immenst Fachwëssen. An der Reform stéing awer elo, dass een no zwee Joer schaffen op engem Betrib all d'Konditiounen erfëllt hätt. Mä "een, deen zwee Joer mécht, wat en ugestallt gëtt, ka kee Betrib leeden", sou d'Martine Hansen.

Wann een all d'Reegelen erfëllt, muss een dierfe wuessen

Grouss Kritik gouf et och un der Aart a Weis, wéi d'Gesetz zustane koum. De Landwirtschaftsminister Haagen hätt probéiert, dat neit Agrargesetz leschte Summer iwwert de Knéi ze briechen, fir d'Klimaziler ze erreechen. D'Baueren hätte sech awer dogéint gewiert. Zum Beispill wier probéiert ginn, fir d'Ammoniak-Emissiounen ze reduzéieren, andeems een d'Gréisst vun de Betriber mat enger maximaler Unzuel vun theoreteschen Aarbechtskräfte limitéiert.

Ee Betrib dierft dann zum Beispill net méi wuessen, wann méi wéi fënnef Leit géingen do schaffen. Dat wier awer iwwerhaapt net op wëssenschaftleche Krittäre baséiert, kritiséiert d'Invitée. D'Gréisst géing schliisslech näischt doriwwer aussoen, ob e Betrib gutt oder schlecht punkto Ëmweltschutz schafft. Wann een dann all d'Reegelen erfëllt, misst en och dierfe wuessen.

Op Drock vun de Bauere wier dunn e Monitoring-System ausgeschafft ginn, fir Betriber tëscht zwee a fënnef Aarbechtskräften, mat dem gekuckt gëtt, wéi vill Ammoniak d'Kéi tatsächlech produzéieren, iert dass gekuckt gëtt, ob de Betrib dierf wuessen. D'CSV fuerdert, dass de Monitoring-System proaktiv all Bauerebetrib ugebuede gëtt, gekoppelt un eng Berodung, wou wat zum Beispill a punkto Stéckstoff kéint agespuert ginn.

Planungssécherheet fir d'Baueren

D'Martine Hansen mengt och, dass sech elo näischt méi wäert um Agrargesetz änneren. Si geet dovunner aus,dass et an 2-3 Woche wäert gestëmmt ginn. Dat wier och wichteg. Allerdéngs misst een no zwee Joer eng Evaluatioun maachen an dann definitiv déi néideg Upassunge virhuelen, fuerdert d'CSV-Co-Fraktiounscheffin.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.