En Donneschdeg de Moie war de Bilan vun der Croix-Rouge Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

"2022 war e ganz speziellt Joer, well mer aus Covid erauskoumen, enger Zäit, déi fir eis ganz ustrengend war, an dunn ass d'Ukrain-Kris ugaangen, déi eis nach emol viru ganz grouss Defie gestallt huet". Dat sot de Michel Simonis als eisen Invité vun der Redaktioun.

Den Direkter vun der Lëtzebuerger Croix-Rouge huet erkläert, dass d'Konsequenze vun der genereller Präishausse, bedéngt duerch d'Ukrain-Kris, schlëmm wieren. Dobäi kéim d'Erausfuerderung fir Leit aus dem Krichsland opzehuelen. D'lescht Joer hätt den Ukrain-Krich awer och zum Deel an der Ëffentlechkeet verstoppt, dass aner Krise weiderginn an och aus anere Länner ëmmer nach vill Leit op Lëtzebuerg kommen an Asyl sichen. Och domadder war d'Croix-Rouge am leschte Joer confrontéiert.

Vill Leit kréien déi finanziell Enner net méi beieneen

Allgemeng waren 2022 méi Leit op Hëllef ugewisen, dat geet aus dem Bilan vun zejoert ervir. 9.000 Leit hunn zum Beispill Kleeder vun der Croix-Rouge kritt, dat sinn der bal 50 Prozent méi wéi nach d'Joer virdrun. De Michel Simonis huet begréisst, dass sech weider vill Leit benevole engagéieren a spenden. De Solidaritéitsfong vum Roude Kräiz géif, esou wéi hir aner Servicer, ëmmer méi beusprocht ginn. Dëse Fong bitt Leit an Nout finanziell Hëllef. Et ginn deemno Leit, déi duerch dat gutt soziaalt Netz hei am Land falen, bedauert de Michel Simonis. Dat zum Deel well si keng Pabeieren hunn, ma d'Croix-Rouge géing do keen Ënnerscheed maachen. Obwuel d'Demande bei ronn 300 stabel bliwwe sinn, ass de Montant, deen ausbezuelt gouf, ëm 100.000 Euro geklommen.

Logement bleift grouss Suerg

Als ganz grouss Brems fir sozial Mesure bezeechent de Michel Simonis de Logement. D'Demande no soziale Locatiounswunnengen, déi ënnert dem System vun der Gestion Locative Sociale verlount ginn, wiisst ëmmer weider. Et wier eng Mammutaufgab, fir deene Leit ze hëllefen, déi ganz hannen an der Schlaang vum Wunnengsmaart stinn. D'Rout Kräiz géing selwer bauen, fir Wunnplaze kënnen ze offréieren.

D'Ukrain-Situatioun wier iwwerdeems amgaangen e bësse méi diffus ze ginn. Et kéimen nach ëmmer Ukrainer op Lëtzebuerg, dacks awer privat. Konkret Zuele kéint een net nennen. Eng Partie Leit, déi am Ufank vum Ukrain-Krich hei am Land ukomm sinn, géingen elo och versichen eng eege Wunneng ze fannen, wat awer besonnesch schwéier wier. Dat nämmlecht gëllt och fir Refugiéen, déi de Statut fir déi international Protektioun kruten, mee kee Logement fannen an deemno an eng Foyer wunne bleiwen.

Rout Kräiz baut psychologesch Servicer aus

Déi sëlleg Krisen impaktéieren och staark déi jonk Generatioun. D'Kanner a Jonker wiere veronséchert, sief et duerch d'Pandemie an déi sëlleg Restriktiounen, mee awer och vun engem Krich an Europa an de Froe ronderëm d'Ëmwelt an hir Zukunft. Si géinge sech froen, ob et nach e Wäert huet ze liewen, sot de Generaldirekter vun der Croix-Rouge.  Dowéinst huet d'Rout Kräiz mam Service PsyUp eng nidderschwelleg Offer en Place gesat, fir un déi Jonk erunzekommen. Dee Service geet zum Beispill an d'Jugendhaiser a schwätzt déi Jonk direkt un. Et wier wichteg, d'Kanner a Jonker gutt ze encadréieren. Et misst een an den nächste Joren observéieren, wéi et op deem Plang weidergeet.

*En Donneschdeg presentéiert d'Croix-Rouge offiziell hire Bilan. Mir setzen de Bilan am Laf vum Dag als PDF bäi.

Invité vun der Redaktioun: Michel Simonis

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.