E Freideg de Moie war d'politesch Situatioun zu Wolz Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Vill Weeltzer soten eis am Virfeld vun de Walen, dass si e Wiessel wëllen a mir si bereet dat ze maachen. Dat sot d'Carole Petitnicolas-Weigel e Freideg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun. Déi nei Buergermeeschtesch vu Wolz huet erkläert, dass een de Renouveau wéilt mat der DP ugoen. Net just hätt d'LSAP bal 7 Prozentpunkte verluer a souwuel d'CSV wéi och d'DP bäigewonnen, mee d'CSV hätt och nach vill méi Lëschtestëmme wéi d'LSAP, wat et an der Sozialisten-Héichbuerg am Norden nach ni gouf. De Wielerwëllen hätt een also respektéiert, mee natierlech kéint een do verschidden Usiichten hunn. Och wann de Fränk Arndt weiderhin Éischtgewielten ass. Seng Partei, d'LSAP, hätt awer 1 Sëtz verluer.

"Dat war ni een Alleingang vu mir selwer"

Der neier Buergermeeschtesch gouf och an de Medien de Reproche gemaach, dass si als Fënnefgewielt géing dëse Posten iwwerhuelen. D'Invitée huet awer kloer gestallt, dass keen an der CSV iwwergaange gi wier. Den Éischtgewielten op der CSV-Lëscht, den Albert Waaijenberg, huet e groussen Betrib an der Gemeng Wolz an huet vu virera kloergestallt, dass hien net géing Buergermeeschter ginn. Den Zweetgewielten op der CSV-Lëscht, de Patrick Comes, hätt d'Méiglechkeet gehat, mat enger LSAP an d'Koalitioun ze goen an da selwer Buergermeeschter ze ginn. Dat hätt si dann och esou acceptéiert, erkläert d'Invitée, mee hien hätt dat refuséiert an den Dag drop wier si dunn aus de Medie gewuer ginn, dass hie seng Parteikaart ofginn hätt. Du wier d'Charge op si gefall a si hätt de Renouveau mat der DP wéilten hikréien. Et wier ni een Alleingang vun hir selwer gewiescht, sou d'Carole Petitnicolas-Weigel.

"Ech ginn net mat an d'Nationalwalen"

Drock vun der CSV-Parteispëtzt, dass ee mordicus mat der DP eng Koalitioun sollt maachen, gouf et iwwerdeems net. Dat wier zwar esou duerch d'Medie gaangen, mee net wouer, sou d'Carole Petitnicolas-Weigel, déi iwwerdeems confirméiert huet dass Si och net mat der CSV an d’Chamberwale wäert goen. Si wär gefrot ginn, mee si wéilt sech op hir Gemeng konzentréieren, sou d'Invitée.

Wat steet déi nächst 6 Joer un?

Prioritär wier et elo un der neier CSV-DP-Koalitioun, déi Projete weiderzeféieren, déi een zesumme mat de Sozialiste gestart hätt. D'Projete "Schlasskéier", "Wunne mat der Wooltz", Quartier "Op Hegdert", déi an de Startlächer stinn, missten elo sou séier wéi méiglech ulafen. Donieft wéilt déi nei Koalitioun méi Dokteren an den Norden zéien an och eng Samu-Base schafen, wou een Dokter 24/24 disponibel wier. Donieft wéilt een de bezuelbare Wunnraum ausbauen a weider Aarbechtsplaze schafen, andeems ee kleng- a mëttelgrouss Betriber op Wolz zitt an zum Beispill d'Industriezone Salzbaach 2 ausbaut.

Invité vun der Redaktioun: Carole Petitnicolas-Weigel

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.