"Aarmut ass dee fruchtbaarste Buedem fir Krich a Krisen"
E Mëttwoch de Moie war d'Entwécklungshëllef Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D’Aarmut bekämpfen ass den Haaptmoyen fir Fridden an der Welt a fir gutt zesummen ze liewen. De Generaldirekter vu LuxDev oder Lux Development war e Mëttwoch de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. LuxDev ass déi staatlech Agence fir Entwécklungszesummenaarbecht vun der Lëtzebuerger Regierung. LuxDev war zejoert an 13 Länner aktiv, 6 Länner si privilegéiert: Burkina Faso, Cap Vert, Mali, Laos, Niger an de Senegal. 90 Projete goufen ëmgesat. Ronn 134 Milliounen Euro goufen ausginn, e Groussdeel fir d’Liewensmëttelsécherheet.
D’lescht Woch war de Manuel Tonnar am Mali an am Burkina. Do ass Lëtzebuerg zanter 30 Joer aktiv an nach ëmmer gehéieren déi Länner mam Niger zu den äermsten op der ganzer Welt. All d’Problemer kommen do zesummen: Aarmut, Honger, de Klimawandel, d’Onsécherheet an Terrorismus.
Dat wier eng riseg Erausfuerderung. D’Krisen ënnerstëtze sech géigesäiteg. Am Niger an am Burkina liewen allkéiers 22 Millioune Leit. 45% sinn ënner 15 Joer. Dat wier awer och eng grouss Chance, well déi jonk Generatioun wéilt weider kommen.
De Generaldirekter vu LuxDev huet erkläert, wéi d’Entwécklungskooperatioun op der Plaz ausgesäit. Et huet ee selwer Büroen op der Plaz, mä schafft an der Haaptsaach mat lokalen Acteuren zesummen. D’Sécherheetssituatioun wier ganz oniwwersiichtlech an och mat de lokale Regierunge géif ee kaum nach zesummeschaffen. An der Educatioun, an der Formatioun, bei Schoulen, bei der Drénkwaasserversuergung awer och bei neien Technologië wier een aktiv. D’Liewensmëttelsécherheet war zejoert een Haaptsujet. Am Ganzen huet LuxDev knapp 134 Milliounen Euro ausginn.
Ëmmer nees gëtt d’Fro gestallt, ob esou vill Sue mussen an anere Länner investéiert ginn. Dat wär absolut noutwendeg, seet de Manuel Tonnar. Eng Kris oder e Krich hätt Auswierkungen op déi ganz Welt. Et kéint een net op där enger Säit rise Räichtum kreéieren an op där anerer Säit hätten d’Leit näischt z’iessen. Sécherheet kéint just duerch d’Entwécklung kommen. D’Aarmut wär dee fruchtbaarste Buedem fir Krich a Krisen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.