"D’Leit waarden a waarde sech ëmmer méi krank"
En Dënschdeg de Moien war d'Gesondheet Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Mir kënne leider nëmmen de Kapp rëselen. Et ass nees eng verpasste Chance, fir mat allen Acteuren eng richteg, intelligent Strategie fir eise kranke Gesondheetssystem op d'Been ze stellen. Dat sot den Dr. Philippe Wilmes en Dënschdeg de Moien am RTL-Interview zum Nationale Gesondheetsplang, deen d'lescht Woch vun de Ministere Lenert an Haagen presentéiert gouf. Den Dr. Philippe Wilmes ass de Vizepresident vun der AMMD, der Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren.
Am Plang wär 100 Mol vu Plang a Planifikatioun riets. Plangwirtschaft, sou hätt d’Geschicht gewisen, hätt ni funktionéiert an hätt zu Mangelwirtschaft gefouert. Mir hätten e Manktem un Dokteren, u Gesondheetspersonal, un Apparater wéi IRM oder Mammographie an e Manktem un ambulanter Offer. D’Leit waarden a géife sech krank waarden, sot den Dr. Wilmes. De Gesondheetsplang wier vill waarm Loft am Virfeld vun de Walen.
De Plang setzt, ënnert anerem, verstäerkt op Preventioun. Doktere géifen awer souwisou schonn op Preventioun setzen. A Preventioun géif scho virum Besuch beim Dokter ufänken. De Plang géif och net dofir suergen, datt den Doktesch-Beruff hei am Land méi attraktiv géif ginn. 1.300 Doktere missten awer an de nächste Joren ersat ginn. Plangwirtschaft wär net attraktiv fir d’Dokteren. Dat wier eng zentral Verwaltungs-Wirtschaft - e System wou staatlech Instanze kontrolléieren, wéi vill Ressourcen ee brauch fir Produiten oder Servicer unzebidden. De liberalen Dokter géif am Plang net consideréiert ginn. Vun de 600 Zänndokteren am Land, déi all Dag eng 10.000 Leit géife gesinn, wär zum Beispill am Plang guer net riets, sou d'Kritik vum Dr. Philippe Wilmes.
Enn Mee haten d’Dokteren der Regierung en Ultimatum gestallt. Si hätten do nach net richteg Satisfaktioun krut, mä un enger Rei Fuerderunge géif geschafft ginn. Et géif een der Politik absolut guer net méi vertrauen a géif eréischt dru gleewen, wa Fakten um Dësch leien. Den Ament géif een ofwaarden, sot de Vizepresident vun der AMMD.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.