Bis 2035: Vun 2 Prozent Uebstbau op 25 Prozent
Den Uebstbauveräin huet en 10-Punkte-Plang presentéiert, fir den Ubau vum Uebst zu Lëtzebuerg auszebauen.
Aktuell gi just 2 Prozent vum Uebst wat mir hei am Land iessen, och hei produzéiert. Dat ass "verschwindend geréng", sot de President vum Lëtzebuerger Uebstbauveräin e Mëttwoch de Moien um RTL-Mikro. Dat léich dorunner, dass et sech net direkt géing rentéieren, an den Uebstbau z'investéieren an dowéinst géifen d'Baueren zécken, dat ze maachen, sou de Jean-Claude Muller.
Den Uebstbau am Grand-Duché promouvéieren
De Uebstbauveräin huet 2023 seng 125 Joer gefeiert a sech dofir och een ambitiéist Zil ginn. Bis 2035 wéilt een op 25 Prozent Eegeproduktioun am Uebst kommen. Dat wieren 1.400 Hektar Land, d'nämmlecht wéi beim Wäinubau. Den Uebst-Ubau stäerken, wär am Sënn vun der Diversifikatioun vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft. Réng klimatesch gesinn wieren d'Géigend vun der Musel an d'Hannerland och déi beschte Plazen, fir hei am Land Uebst unzebauen. D'Éislek wier éischter méi problematesch wéinst senger Topographie an och dem Spéit-Frascht.
Den Apel ass iwweregens mat 1.200 Tonnen d'Joer dat Uebst, dat am meeschten hei am Land ugebaut gëtt. Dat op enger Fläch vu ronn 60 Hektar. Duerno 10 Hektar Bieren, 10 Hektar Steen-Uebst, also Kiischten, Mirabellen a Quetschen an 10 Hektar "Beeren" also Äerdbier, Hammbier an Kréischelen.
Wéi ëmgoe mat Dréchent an der Hëtzt?
Et ass net onméiglech, an 12 Joer, 25 Prozent Selbstversuerungsgrad ze kréien. Fir dëst ambitiéist Zil z'erreechen, huet den Uebstbauveräin och een 10-Punkte-Plang presentéiert. Den éischten Defi wier natierlech d'Waasserversuergung am Summer. Eng Léisung wier d'Waasser am Wanter ze sammelen an ze stockéieren, besonnesch op grousse versigelte Flächen. Donieft géingen et Plazen ginn, wou ee kéint Pëtzer bueren an eng weider Iddie wier d'Musel unzapen.
Am Uebstbau gëtt vill Ziichtung gemaach. Do kéint een theoretesch scho vun enger Gen-Manipulatioun schwätzen. Wann een d'Méiglechkeet hätt, fir Planze méi resistent géint Dréche-Stress a Sonnebrand ze maachen, da sollt een dat och maachen, fënnt den President vum Lëtzebuerger Uebstbau.
Net just an der Haaptsaison ubauen
Wann ee wëll als Land méi autark ginn, da muss een dat ganzt Joer iwwer produzéieren. Bei Äppel a Biere geet dat net. Do gëtt et just eng Recolte am Joer. Do misst een dann awer a Lagercapacitéiten investéieren, fir iwwert ganzt Joer kënnen ze stockéieren an ze verkafen. Bei Hammbieren an Äerdbiere wier et awer och méiglech an Zären ze produzéieren, sou dass een dann och bal dat ganz Joer kéint produzéieren. Dofir bräicht een Glaszären a Folien-Tunnellen an do géingen et nach Diskussioune mam Ëmweltministère ginn. Bis virun een, zwee Joer wieren do net vill Ouverture gewiescht, mä d'lescht Joer hätt ee punkto Folien-Tunnellen d'Méiglechkeet kritt, fir dës dierfen ouni Autorisatioun opzebauen. Grad a punkto Glaszären wier een awer nach op der Sich no Léisungen.
Manktem un Main d'oeuvre
Bis ewell hätt een Uebstbau, wéi am Wäibau, op polnesch oder rumänesch Saisonsaarbechter zeréckgegraff. Et géing awer ëmmer méi schwiereg ginn, déi ze rekrutéieren, well se och bei hinnen am Land elo méi géinge verdéngen. Dofir misst ee vläicht ausserhalb vun Europa Leit sichen goen an et deementspriechend och méi einfach maachen punkto Prozeduren. Ma och Leit vun hei heem solle motivéiert ginn, am Uebstbau ze schaffen. Stéchwuert: Revalorisatioun vum Handwierk, fënnt den Jean-Claude Muller.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.