Besonnesch niddreg Revenuen an Investment am Bau entlaaschten
Eng fënneft Plaz fir den CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden am neiste Politmonitor wier "exzellent".
Dat sot d’CSV-Co-Parteipresidentin Elisabeth Margue e Freideg de Moien um RTL-Mikro. Et misst ee bedenken, datt de Luc Frieden eng gewëss Zäit net politesch aktiv war an deemno och manner Visibilitéit ewéi Konkurrenten mat Mandat gehat hätt. Mat hirem eegene Resultat ass d'Elisabeth Margue och zefridden, well si sech e bësse verbessert huet. Och wa si nach ëmmer Ënnen am Klassement ass. "Ech bleiwe weiderhi motivéiert", sou déi 33 Joer al Politikerin. An hiren Ae wier et och schwiereg fir Jonker e Bekanntheetsgrad z’erreechen. Op d’Fro, ob si net misst méi Profil oder Kante weisen, huet si geäntwert: "Sondage si Sondagen".
D'Partei wier op jiddwer Fall zouversiichtlech, datt de Luc Frieden mat sengem Score am Sondage d'CSV bei de Walen nees an d'Regierung féiere kéint, och wann de fréiere Spëtzekandidat Claude Wiseler viru 5 Joer ee liicht bessere Score hat.
E Samschdeg hëlt d'CSV dann och hir 60 Kandidate fir d'Chamberwalen op hirem Konvent am Tramsschapp um Lampertsbierg un. Nei Leit oder Iwwerraschunge wollt d'Elisabeth Margue am Interview nach net nennen. Si sot just et géing e Gläichgewiicht tëscht de verschiddenen Alteren an de Geschlechter fonnt ginn.
Zum Inhalt: Am neie Politmonitor huet d’Majoritéit vun de Befroten der Regierung eng gutt Nott a Punkto Gesondheetspolitik ginn. Dee Sujet wou d’CSV vill Kritik an Oppositioun gemaach huet. Huet se op dat falscht Päerd gesat? Nee, sou d’Elisabeth Margue: Am Gespréich mat de Leit hätt d’CSV festgestallt, datt vill Leit onzefridde wiere mat de Waardezäiten. D’Chrëschtlech-sozial wëllen der privater Initiativ méi Plaz loossen. Zousätzlech IRMe misst ee méiglech maachen. Grad ewéi Maison medicalen mat méi laangen Ouvertureszäiten.
E Sujet wou d’Regierung am Politmonitor net gutt ewechkënnt ass d’Steiergerechtegkeet. D’Elisabeth Margue huet widderholl d’CSV wéilt d'Steiere fir jiddereen erofsetzen. Awer net oncibléiert, huet d’Parteipresidentin och gesot. Engersäits wéilt een déi niddreg Revenue méi entlaaschten andeems de Barème réischt bei engem Joresrevenu vu 15.000 Euro Brutto ufänkt. Aktuell ass et bei 11.265 Euro. Donieft géing d’CSV d'Steiertabell un Inflatioun upassen, awer an Etappen. Well manner gebaut gëtt, wéilt se awer och den Investisseuren nees méi steierlech Avantagë ginn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.