En Méindeg de Moie goung et an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" ëm d'Chamberwalen aus dem Bléck vun de Sozialisten.

D'Educatioun ass eng Prioritéit am Walprogramm vun der LSAP, deen de Weekend eestëmmeg ugeholl gouf. "Wie vun der Zukunft schwätzt, schwätzt vun der Bildung an trotz allen Efforten, déi gemaach goufen, hunn mir hei am Land keng Chancëgerechtegkeet," sot d'LSAP-Co-Parteipresidentin Francine Closener e Méindeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun. D'Sozialiste wëllen ënnert anerem de Sproochenunterrecht reforméieren, well eng Sproch dierft keng Barrière méi sinn. De Projet vun der Alphabetiséierung op Franséisch misst och evaluéiert an deemno wei generaliséiert ginn uechtert d‘Land. Och d'Konzept vun den internationale Schoule misst evaluéiert ginn, fir ze kucken, ob et dat bréngt, wat et versprécht. Aktuell ass d‘Educatioun een DP-Ministère, deen d'LSAP an enger nächster Regierung awer fir sech wéilt beusprochen, sou d‘Francine Closener.

Rout Linnen

Steiergerechtegkeet war e weidere Sujet de Moien. D'Versprieche vun der CSV, datt jidderee manner Steiere soll bezuelen, wier awer net realiséierbar, ausser et géing ee beim Sozialstat spueren. Wat et mat de Sozialisten awer net wäert ginn, sou d‘Invitée. Rout Linne fir eng zukünfteg Dräier-Koalitioun wieren och alles, wat de Sozialstaat géif a Gefor bréngen, eng Zwou-Klasse-Medezin an den Index, sou d‘Co-Parteipresidentin vun der LSAP.

Aarbechtszäitverkierzung: Eng 38-Stonne-Woch

D‘LSAP huet och nees hir Fuerderung no enger 38-Stonne-Woch bei vollem Lounausgläich am Walprogramm stoen. Ugefaangen hat dës Iddi deemools awer mat der Propos vum Dan Kersch no enger 36-Stonne-Woch. Et hätt sech an der Partei awer op 38 Stonne festgeluecht, well dat och fir d'Betriber besser ze packe wier. Mat där Propos wier een um Bols vun der Zäit an et wier een Argument fir de Standuert Lëtzebuerg. Bei der Aféierung vun der 40-Stonne-Woch 1975 hätten och vill Diskussioune ginn. Déi liberal an riets Deputéiert hätten deemools an der Chamber gewarnt virum Ënnergang vun der Ekonomie, viru Réckgäng an der Produktioun an och viru Schwaarzaarbecht. Eis Ekonomie wier haut awer resilient, robust an hätt scho vill Krisen iwwerstanen. D'Leit wéilte schaffen, fir ze liewen an net liewen, fir ze schaffen, kontert d‘Co-Parteipresidentin vun de Sozialisten.

Invité vun der Redaktioun: Francine Closener

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.