Iwwer Mobbing, en TikTok-Verbuet an de Gebrauch vun Handyen an de Schoulen
En Donneschdeg war ënnert anerem d'Reform vum Jugendschutz Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Leider wäert et net méi an dëser Legislaturperiod méiglech sinn, d'Reform vum Jugendschutz- a Jugendstrofrecht ze stëmmen. Mee et gëtt weider un den Amendementer geschafft an de Paradigmewiessel wier och net a Fro gestallt. Dat sot den Ombudsman fir d'Rechter vu Kanner a Jugendlechen. De Charel Schmit war en Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
D‘Reform vum Sexualstrofrecht dogéint misst awer nach dës Legislatur gestëmmt ginn. Dat wier aus Siicht vum Kannerschutz an de Kannerrechter immens wichteg. Do dominéiert d‘Fro, wéi ee mat Jugendlechen ëmgeet, déi ënnert dem Alter vun der sexueller Maturitéit, nämlech ënner 16 Joer, sexuell Relatioune mateneen hunn. Der HBSC-Etüd no wier dat am Alter vu 15 Joer ronn 20 Prozent vun de Mannerjäregen. Dofir wier et wichteg, dass wann een e Strofmündegkeetsalter vun 13 oder 14 Joer aféiert, dass déi Jonk dann net fir hir sexuell Relatioune bestrooft ginn. Mat enger sougenannter "Clause Roméo et Juliette" gëtt dat elo am Gesetz preziséiert an dat géing Rechtssécherheet schafen, sou den Invité.
Hëlt de Phenomeen vum Mobbing zou?
Zum Schluss vum Schouljoer huet den Ombudsman och op eng Partie Problemer zeréckgekuckt. Ugefaange mam Mobbing a Cybermobbing. Mam "Happy Slapping" [wann eng Persoun attackéiert gëtt an dat Ganzt mat gefilmt gëtt n.d.l.r.] wier och eng nei Form vu Gewalt ënner Jugendlechen entstanen, déi ee misst suivéieren. Do wieren och d‘Schoule gefuerdert, fir dorop entweder pedagogesch oder mat Conseils de discipline ze reagéieren. Allerdéngs misst och preventiv vill méi gemaach ginn. D‘Schoul misst sécher sinn. Dozou gehéieren och d'Schoulhäff an de Schoulwee, esou den Invité.
Et wier schwéier soen, ob de Mobbing zouhëlt, well déi genau Donnéeë feelen, sou de Charel Schmit. Et wier awer e Phenomeen, dat sech géing veränneren a sech extrem entwéckelt hätt, duerch den hemmungslose Gebrauch vun de soziale Medien. Sozial Plattformen, déi net gutt fir Kanner an engem bestëmmten Alter sinn, misst een hannerfroen. Dofir misst een déi nächst Joren d‘Kandheet als e Schutzalter nees no an no ofsécheren, fir dass si do net ze fréi mat Inhalter a Kontakt kommen, déi net gutt sinn fir hir Entwécklung.
De Gebrauch vun Handyen an de Schoule limitéieren
Rezent ass eng Petitioun um Site vun der Chamber, déi e Verbuet vun TikTok hei am Land fuerdert. Den Ombudsman weist sech doriwwer net iwwerrascht. Et wäerten ëmmer méi där Petitioune lancéiert ginn, fir de Gesetzgeber erauszefuerdere vill méi restriktiv mat esou Plattformen ëmzegoen, bis hin zu Verbueter, sou de Charel Schmit. Do wier et och gutt, wa Schoulen de Gebrauch vun Handyen an Tabletten duerchaus ganz bewosst aschränken, fir dem analoge Zesummeliewe méi Chance ze ginn, sou den Ombudsman fir d'Rechter vu Kanner a Jugendlechen.
Vum 19. bis den 21. Juli bitt den Okaju e Summerseminar iwwer d'Situatioun vun de Rechter vu Kanner a Jugendlecher zu Lëtzebuerg un. Aschreiwe kann ee sech iwwer www.summerseminar.lu.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.