E Méindeg war d'Wäiswampech mam neie Buergermeeschter Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

De Claude Daman ass neie Buergermeeschter vu Wäiswampech a wier prett, fir déi Responsabilitéit ze iwwerhuelen. Dat sot hien e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. 28 Joer laang war den Henri Rinnen un der Spëtzt vun der Gemeng, ma elo kéim frësche Wand mat villen neie Gesiichter am Gemengerot. Dat wier natierlech eng Erausfuerderung, ma och eng Chance fir Verännerung.

Polemik ronderëm d‘Buvette an den neien Hotel-Komplex
D‘Gemeng huet an de leschte Joren nämlech éischter negativ Schlagzeilen gemaach. Rezent duerch eng Buvette, déi ugangs klasséiert sollt ginn, ma dunn awer de Veto vum Kulturministère koum a se schlussendlech elo ofgerappt gouf, fir Plaz ze maachen, fir de neien Hotel-Komplex, confirméiert den neie Buergermeeschter. Dëse Megaprojet hat och fir vill Zodi gesuergt, notamment, well den Terrain vun 35 Hektar un de Privatinvestisseur "Groupe Lamy" verlount gëtt, fir just 25.000 Euro d‘Joer. Et wier een un den Kontrakt gebonnen an dorun kéint den neie Schäfferot näischt méi änneren, mä an der Konventioun wier och festgehalen, dass all Mënsch fräien Accès zum Séi huet: Et kann ee schwammen a fësche goen. Donieft wéilt een d‘Spillplaz ausbauen, een Hondspark an een Outdoor-Gym schafen, fir méi Zesummeliewe ronderëm de Séi ze kréien.

Méi Transparenz fir d‘Bierger
De Claude Daman wëll iwwerdeems an Zukunft fir méi Transparenz an der Gemeng suergen. Vill Bierger hätten net Zäit, an déi ëffentlech Gemengerotssëtzungen ze goen, dofir soll elo een detailléierten Compte-Rendu vun all Gemengerot geschriwwe ginn an dee soll dann och als eng Zort Audiopodcast vertount ginn. Donieft wéilt ee versichen, mat ëffentleche Versammlungen d‘Bierger besser mat anzebannen. Grad bei Projeten an enger gewëssener Gréisstenuerdnung misst een de Leit och d‘Entscheedungen an den Pro a Kontra erklären, fënnt den neie Buergermeeschter.

Méi Duerfcharakter a manner Trafic
An de méi klengen Dierfer vun der Gemeng Bënzelt, Holler, Breedelt a Leetem soll den Duerfcharakter erhale bleiwen. Also sollen do keng grouss Appartementshaiser hikommen, mä Eenzelhäiser a Jumeléeën. Ëmgedréint ass dat awer zu Wampech méiglech. Grad do dierft een d‘N7, déi duerchleeft, net verdäiwelen. Se hätt Liewen an d‘Duerf bruecht an och Dokteren, Kinéen, een vun de gréissten Akafszentren aus dem Land an dat géing och de Charme ausmaachen. Et kéint een alles ze Fouss maachen.

Natierlech wéilt een awer den Duerchgangstrafic an de Grëff kréien. Op e Contournement géing een do net waarden, dat wier kuerzfristeg keng Léisung. Et wéilt een virop eng Verkéierskommissioun schafen, wou d‘Biergerbedeelegung erwënscht ass an wou een da geféierlech Plazen kéint identifizéieren a méi sécher fir de Foussgänger maachen. Anerersäits wéilt ee kucken, fir de Verkéier zu Spëtzenzäiten aus Wampech eraus Richtung Wemperhaart méi fléissend ze maachen.

Invité vun der Redaktioun: Claude Daman

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.