Mat engem "Ampel-System" den Over-Tourism verhënneren
Mir versichen ze moossen, wéi ee Bild d'Touriste vu Lëtzebuerg am Kapp hunn a froen, ob hir Erwaardungen no hirer Visitt erfëllt goufen.
Fir 2023 gëtt sech e Rekordjoer am Tourismus hei zu Lëtzebuerg erwaart. Dat sot de Generaldirekter vu "Luxembourg for Tourism" e Mëttwoch de Moien um RTL-Mikro. De Sebastian Reddeker erkläert, dass mer zueleméisseg gekuckt bal nees um Niveau vun 2019 wieren, also vu virun der Pandemie. An der Hotellerie géing nach e bëssi feelen. Um Camping géing een awer elo schonn 12 Prozent iwwer deem leien, wat mer 2019 haten an zejoert Joer wier schonn e Rekordjoer um Camping gewiescht. Donieft géing ee sech och ëmmer manner just op d'Summersaison konzentréieren. Ëmmer méi Leit maachen och am Hierscht an am Wanter Vakanz hei am Land.
Et kënnt haut drop un, wéi mer online bewäert ginn
Hautdesdaags géif manner op déi klassesch Indicateure wéi Iwwernuechtungen an Arrivéeën gekuckt ginn, well dës Zuele relativ wéineg iwwer d‘Qualitéit vun der Vakanz u sech géifen aussoen. Et géif dofir méi drëm goen, erauszefannen wéi mer duerno als Land bewäert ginn, besonnesch op deenen bekannte Rees-Portalen, wou d'Touristen hir Meenung kënnen äusseren. Et géing ee versichen ze moossen, wéi d'Bild vu Lëtzebuerg ass, wat d’Touristen am Kapp hunn ier se heihi kommen a froen dann och, ob d'Erwaardungen no hirer Visitte erfëllt goufen oder net. Et geet drëm erauszefannen, wéi eng Perceptioun den Tourist vun eisem Land huet, sou den Sebastian Reddeker.
Nach keen "Over-Tourism" zu Lëtzebuerg
Och den Phänomen vum "Over-Tourism", also wa sech ze vill Leit beieneen op Plazen tommelen, war e Sujet am Gespréich mam Generaldirekter vu "Luxembourg for Tourism". Dat géif et natierlech och hei am Land ginn. Zum Beispill zu Veianen duerch d'Schlass. Dat war jo vum Noriichtesender CNN nees zu den 21 schéinste Schlässer op der Welt gewielt ginn. Do wier d'Touristen-Intensitéit, also d'Zuel vun den Touristen pro 100 Awunner scho relativ héich. Allerdéngs géing een nach ëmmer op der Hallschent vun der europäescher Moyenne leien. Wichteg wier awer d'Fro vun der Perceptioun. Wann ze vill Leit op enger Plaz sinn, dann hätt een als Eenzelen d'Gefill, dass d'Experienz net méi sou ass, wéi se geplangt war, erkläert den Sebastian Reddeker. Dat wier awer just bei 2 Prozent vun de Clienten an de Sondagen de Fall gewiescht a just 6 Prozent vun de Lëtzebuerger géingen dat esou empfannen.
Mat engem Ampel-System den Over-Tourism verhënneren
Dem Phänomen vum Over-Tourism entgéintwierken, wier relativ schwiereg, well den Tourist sech jo eben och dat wëll ukucken wat en intresséiert. Eng Pist wier et dofir, de Leit scho beim Plangen eng méiglechst breet Offer unzebidden. De Grand-Duché hätt natierlech méi ze bidden wéi just de Mëllerdall an d’Veianer Schlass. Mat der App oder mam Luci-Magasinn géing een dofir ganz vill alternativ Plaze weisen.
Donieft bitt een den Touristen awer och selwer d‘Méiglechkeet, z'entscheeden ob se op eng Plaz wëlle goen, déi staark belaascht ass. Zum Beispill hätt een dofir beim Stauséi een "Ampel-System" agefouert, wou ee gesäit ob et rout, giel oder gréng ass, jee nodeems wéi vill Leit schonn do sinn. Dat kéint ee sech definitiv och fir aner Plazen virstellen, sou den Generaldirekter vun LFT.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.