"Wat problematesch ass, ass wann déi aner Parteien net endlech spieren, datt si och den Thema Wuesstem méi an de Fokus musse réckelen."

Dat sot d'Presidentin vum Mouvement écologique Blanche Weber en Donneschdeg de Moien hei op RTL. Si huet op d'Remark reagéiert, datt d'ADR déi eenzeg Partei ass, déi d'Ofhängegkeet vum Sozialsystem vum Wuesstem hannerfrot huet, iwwerdeems déi Gréng d’Wuesstemsdebatt als "abstrakt" an "oninteressant" bezeechent hunn. Déi Aussoe vum grénge Co-Partei-President Meris Sehovic an der Woxx virun zwou Wochen hätt de Mehris Sehovic selwer duerno dem Mouvement géigeniwwer nuancéiert. "Et musse een éierlech soen awer, datt d'Wuesstemsfro eng immens komplex Fro ass", sou d'Blanche Weber.

Invité vun der Redaktioun: Blanche Weber

Fir de Mouvement écologique wier et wichteg, datt d'ganz Politik sech bewosst géing ginn, datt e Systemwiessel néideg wier. Trotz groussen Investissementer an den ëffentlechen Transport géing de Stau net ofhuelen, huet d'Presidentin vun der Ëmweltassociatioun als Beispill genannt. Déi aktuell Evenementer ewéi Canicullen, Iwwerschwemmungen, Flüchtlingsstréim, oder nach Aartestierwen – och hei am Land - géinge sech an Zukunft verschlëmmeren.

Och Lëtzebuerg als klengt Land hätt eng Roll ze spillen. "Jiddereen op senger Welt, do wou e lieft, muss dat maachen, fir datt en op enger sozial-ekologescher Welt lieft a wou hie säi Bescht mécht, fir der nächster Generatioun eng liewenswäert Welt ze hannerloossen", sou nach d’Blanche Weber. An hiren Ae géing "déi konstant Steigerung vum materielle Konsum" vun engem gewëssene Punkt un och souwisou net méi glécklech maachen. Déi Steigerung géing och net zu méi sozialer Gerechtegkeet féieren an um Enn d'Zerstéierung vun de Liewensgrondlagen bedeiten.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.