"D’Promoteure bauen, d’Stad Lëtzebuerg kaum" - Serge Wilmes domat net averstanen
E Méindeg de Moie war d'Enquête vun der Konkurrenz-Autoritéit Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"Eng gutt Diskussiouns-Basis": esou huet de President vun der Chambre Immobilière d’Enquête vun der Konkurrenz-Autoritéit iwwert den Immobiliësecteur beschriwwen. De Jean-Paul Scheuren sot e Méindeg de Moien hei op RTL, d’Enquête géing vill Saache confirméieren, déi och si soen. Zum Beispill d’Recommandatioun, datt de Beruff vum Immobilienagent besser reguléiert gëtt. De Jean-Paul Scheuren sot et wier "evident", datt wann 1.000 Agenten um Marché ënnerwee sinn a "verzweiwelt probéieren, e Mandat ze kréien", déi dem Verkeefer méi héisch Präisser géinge verspriechen. Dem President vun der Chambre Immoblière no wier dat awer net onbedéngt, wat d’Präisser undreift, well dat um Enn vum Dag dovunner ofhänkt, wéi vill de Keefer bezilt. Wat d’Kommissioun fir d’Immobilien-Agencen ugeet, déi an der Reegel bei maximal 3% läit, hätt fir de Vendeur de Virdeel, datt e fix wier, sou de Jean-Paul Scheuren. Hien huet ze bedenke ginn, datt bei anere Methoden et méi deier kéint ginn.
"Schwaach" huet hien dann de Verdacht fonnt, datt Betriber am Handwierk Präisser oder Salairë vun den Aarbechter géingen ofschwätzen. Hien huet sech gefrot, wéi dann d’Gewerkschaften esou Ofsproochen an de Kollektivverträg kéinte guttheeschen? Kritesch war hien och wat de Virworf ugeet, datt Groussbesëtzer Terraine bewosst géingen zeréckhalen, fir d’Präisser esou an d’Luucht ze dreiwen. Hien huet op de Widdersproch an der Enquête higewisen, well déi och seet, datt wéinst de Prozeduren d’Promoteuren dacks d’Terraine musse laang hunn, bis se kënnen eppes drop realiséieren. An deem Sënn huet hien éischter déi laang Prozedure kritiséiert, déi et nach ëmmer géing ginn, an och an der Enquête confirméiert ginn. Dat stéing am Rapport, wier awer bis ewell éischter wéineg ugeschwat ginn.
De Jean-Paul Scheuren huet um Méindeg de Moien eng Etüd iwwert d’Fluxe verlaangt. Datt d’Bauterrainen an den Hänn vu just puer Groussbesëtzer ass wier kloer. Hien huet nämlech d’Fro opgeworf, wien um Enn am meeschte vun der Spekulatioun profitéiert? Wann een den Nico Arendt (gréisste Besëtzer vu Bauland am Land) géing vergläiche mat der Stad Lëtzebuerg (zweetgréisste Besëtzer) da misst ee kucken, wien um Enn am meeschte Wunnenge gebaut huet. De President vun der Chambre immobilière sot: "wann ech mech richteg erënneren ass 2020 vun der Stad Lëtzebuerg keng eng Wunneng gebaut ginn, beim Nico Arendt sinn der 600 gebaut ginn".
Serge Wilmes net averstanen
D’Stad Lëtzebuerg léisst déi Kritik net gëllen. Nom Interview huet den 1. Schäffe Serge Wilmes (CSV) ons geschriwwen an deklaréiert: "mir wieren eis resolut géint d’Ënnerstellung, d’Stad Lëtzebuerg géing net genuch bauen an doduercher d’Spekulatioun géing ënnerstëtzen." Ob d’Stad 2020 keng Wunneng gebaut hätt géing iwwerpréift ginn, mä de Serge Wilmes weist schonn drop hin, datt 2020 d’Lockdowns wéinst dem Covid waren.
Tëscht 2017 an 2022 hätt d’Stad awer 240 Wunnenge selwer gebaut an hätt der 490 a Bau, respektiv Planung. Doriwwer eraus géingen eng Rei grouss Projete realiséiert ginn, ewéi d’Porte de Hollerich oder nach beim ale Stade Josy Barthel. All déi grouss Terraine vun der Stad wieren awer zum gréissten Deel awer nach occupéiert a fir d’Éischt missten Infrastrukturen op aner Plaze kommen. "Kee soll un onser Determinatioun zweiwelen, fir méi abordabel Wunnengen ze bauen", sou nach de Serge Wilmes.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.