Aktuell EU-Kommissioun mat "ganz anerem Discours" am Sozialen
En Donneschdeg de Moie waren d'Chamber- an d'Europawalen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Bis zu den Europawalen d'nächst Joer am Juni ass d'Direktiv iwwert d'Plattformaarbecht nach dee wichtegste Projet. Dat sot den Nicolas Schmit, Lëtzebuerger EU-Kommissär fir Aarbecht a Soziales, en Donneschdeg de Moien hei op RTL. Aktuell géinge sech nach verschidde Länner géint eng staark Regulatioun striewen, ma hie géing hoffen, datt d'Direktiv bis Enn dës Joers do ass, fir ze verhënneren, datt ëmmer méi Leit an eng falsch Onofhängegkeet geroden. Donieft géing och d'kënschtlech Intelligenz an där Direktiv reguléiert ginn.
Den Nicolas Schmit huet säi Bilan en Donneschdeg de Moie verdeedegt: et wier villes am Sozialen erreecht ginn an déi aktuell EU-Kommissioun hätt e ganz aneren Discours ewéi déi Kommissioune virdrun. Hie sot awer och, datt nach vill ze maache wier. Et misst eppes géint Aarmut trotz Aarbecht ënnerholl ginn an d’Memberstaate misste méi Kollektivverträg favoriséieren.
EU-Kommissär no 2024?
Op seng eege politesch Zukunft ugeschwat, sot den Nicolas Schmit: "Ech hunn a mengem Liewen ni sou e richtege Plang gehat". Mat bal 70 Joer wier hien natierlech an engem Alter, an deem déi meescht an der Pensioun sinn, ma hie wollt awer net ausschléissen nach weider ze maachen. Wien EU-Kommissär vu Lëtzebuerg gëtt, hänkt och dovunner of, wien an der nächster Regierung hei am Land sëtzt.
Ob hien nach ee Mol mat an d'Europawale geet d'nächst Joer, wéisst hien och nach net, dat géing hien net selwer decidéieren, mee seng Partei, d’LSAP. Den Nicolas Schmit huet nach emol en Donneschdeg de Moie gehofft, datt d'LSAP den 8. Oktober gestäerkt gëtt, well et géingen och nach sozial Problemer hei am Land ginn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.