Wierker vun Arcelor Mittal zu Lëtzebuerg "absolut" kompetitiv
En Dënschdeg de Moie war de Stolsecteur Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"Mer sti ganz stabil do", esou den neie Chef vun Arcelor Mittal Lëtzebuerg, den Henri Reding, en Dënschdeg de Moien hei op RTL. Och wann d’Demande no Stol global ofgeholl hätt, wier ee gewinnt, sech un déi ëmmer méi heefeg "Zyklen" unzepassen.
D’Wierker hei am Land wieren och a sengen Aen "absolut kompetitiv" an et géing weider dran investéiert ginn. Um Belval soll beispillsweis en neien Elektro-Uewe gebaut ginn, mat deem d’Wierk zu Rodange kéint beliwwert ginn. Déi dräi Sitte Belval, Rodange an Déifferdeng ginn elo als ee Site geréiert.
D’Restrukturatioun vun 2020-21 mam Ofbau vu bal 600 Plazen zu Lëtzebuerg wier iwwert d’Joren nees un d’Realitéit ugepasst ginn, mee ënnert dem Stréch "favorabel" gewiescht, sou den Henri Reding weider. Den Ofbau wier manner staark ginn ewéi geplangt, well besser Jore komm wieren. Et wier och effektiv e klenge Gewënn do, wa Leit an d’Pensioun ginn a jonk Leit agestallt ginn. Den neie Chef vun Arcelor Mittal Lëtzebuerg sot awer och, et kéint een de Gewerkschaften awer vertrauen, "datt déi oppassen, datt näischt geschitt, wat net ofgemaach war".
Wat d’Energie-Transitioun ugeet, huet Arcelor-Mittal jo schonns an de 90er-Joeren all klasseschen Héichuewen zougemaach op Elektro-Iewen ëmgestallt, déi Metallschrott verschaffen. Aus deem Grond géingen zu Lëtzebuerg souwisou scho manner Ofgasen entstoen. D’Zil vum ganze Grupp wier awer, an Europa kloer bis d’Joer 2050 op 0 Emissiounen ze kommen. D’Technologie dofir wier dem Henri Reding no do.
Ugeschwat op de Site vun Dummeldeng huet den Henri Reding deklaréiert, den Atelier vun Arcelor Mittal géing do bleiwen, well do e Knowhow a Maschinne wieren, déi ee wéilt halen. Iwwert e groussen Immobilieprojet, iwwert deen d’Wochenzeitung d’Land virun dräi Joer geschriwwen hat, do wier "nach näischt decidéiert". Deeler vum Sitte gi schonn u Firme verlount.
Eng Saach wier sécher, sou den Henri Reding: en Immobilieprojet géing do net ouni de Staat gemaach ginn. A wa mer scho bei den Immobilie sinn: Den neie Siège vun Arcelor-Mittal kënnt jo op de Kierchbierg. D’K22-Gebai dat 2026 fäerdeg gëtt, soll eng Vitrinn sinn, fir no baussen ze weisen, wat ee mat modernem Stol alles ka bauen. Hien huet erkläert, datt d’Gebai energie-technesch um allerneiste Stand wier.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.