E Freideg de Moie war d’Situatioun vun de Banken Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

"D'Banke wëssen am Kontext vun den héijen Zënsen, datt vill Leit sech Suerge maachen a se probéieren dofir no beim Client ze sinn, fir individuell Léisungen ze fannen." Dat huet den Direkter vun der Bankenassociatioun ABBL Jerry Grbic e Freideg de Moien hei op RTL erkläert. Aktuell géingen 1,6% vun de Immobiliëprêten net kënnen zeréckbezuelt ginn, wat ënnert der Moyenne an der EU läit. De Jerry Grbic sot, weder d'Zuel un "Défauts de paiement", nach d'Zuel u Leit, déi Hëllef gefrot hätten, wieren an d'Luucht gaangen. Eng Hausse an noer Zukunft géing sech de Membere vun der ABBL no net "konkretiséieren". Un déi "vulnerabel" Clienten huet hien trotzdeem appelléiert, Kontakt mat hire Banken opzehuelen. Scholde ginn zwar net nogelooss, mee Prête kënnen zum Beispill gestreckt ginn.

Den Jerry Grbic huet och erkläert, firwat privat Banken ënnerschiddlech Zënstauxen op Kreditter oder Spuerkonte verrechnen, ewéi den Taux vun der europäescher Zentralbank. Graff resuméiert, géinge Banke Fall fir Fall eng Analys maachen, "fir den Equiliber ze fannen tëscht de Spuerer op der enger Säit an deenen, déi Kredit froen op der anerer Säit". Dotëscht wier d'Bank en "Intermediaire". Mat an d'Analys fléisst natierlech och de Risikofacteur an.

Datt d'Zënshausse bei Spuerkonten nach net onbedéngt hiren Néierschlag fonnt hunn, dat wier dem Jerry Grbic dorobber zeréckzeféieren, datt d'Zënshausse relativ séier komm sinn an d'Banken Zäit bräichten, fir sech z'adaptéieren. Och hei misst een ëmmer op den "Actif an de Passif" kucken, also nees de Spuerer an déi déi Kredit huelen. Den Direkter vun der ABBL huet awer och drop higewisen, datt d'Banken och vun där Marge d'Fraisen ewéi d'Salairë missten ofrechnen.

Geld um Bockel vun de Clienten? Reproche novollzéibar, mee...

Am Hibléck op déi aktuell grouss Beneficer vun de grousse Banke kéint hien novollzéien, datt Leit kënnen d'Gefill hunn, datt d'Banke sech um Bockel vun de Clientë géinge beräicheren. Mee de Jerry Grbic huet drop higewisen, datt d'Zënsen u sech elo nees op en "historesch normalen" Niveau zeréckkommen. D'Banken hätten duerch déi niddreg oder souguer negativ Zënsen och deels manner Rendement gehat. Déi méi héich Zënse géingen de Banken elo awer effektiv zegutt kommen.

Ënnert dem Stréch huet hien ausgerechent, datt d'Resultater ëm 2% geklomme wieren. Datt et de Banken "net schlecht" geet, dat huet hie "provokativ" gutt fonnt, well, fir datt d'Banke kënne Kreditter ginn an d'Geld vun de Spuerer gutt geréieren, bräicht een ebe gutt Banken.

Banken, déi iwweregens zu Lëtzebuerg ëmmer konservativ gewiescht wieren. An anere Wierder éischter virsiichteg mat de Kreditter, mee dofir méi stabil. Op Banken ugeschwat, déi viru puer Joer nach keen eegenen Apport gefrot hunn a Prêten mat Mensualitéit vu bis zu 50% vum Revenu vum Stot ginn hunn, dozou sot hien, dat wier dann dorobber zeréckzeféieren, datt déi Revenuen héich gewiescht wieren. Et géing ëmmer analyséiert ginn, ob de Client kann zeréckbezuelen. An datt trotz Zënshausse géing et wéi gesot net méi Defaute ginn, dat wier dem Jerry Grbic no de Beweis.

Invité vun der Redaktioun: Jerry Grbic

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.