Keng Garantie, datt Jonker, déi op Bauerebetrib opwuessen, dësen och iwwerhuelen
E Méindeg de Moie war d'Landwirtschaft Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Hautzedaags ass et net méi garantéiert, dass all Jonken, deen op engem Betrib opwiisst, deen och iwwerhëlt oder iwwerhuele kann. Et gi vill Onsécherheete bei deene Jonken. Jidderee wéilt sech kënnen ee gewëssene Liewensstandard finanzéieren an och gewësse Fräiheeten hunn an dat wier beim Beruff vum Bauer net ëmmer garantéiert. Dat sot de Charel Ferring de Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Hien ass zanter Enn Juli den neie President vun der Lëtzebuerger Landjugend an de Jongbaueren. Do wéilt hien dat weiderféieren, wat seng Virgänger opgebaut hunn an dat nach optimiséieren. "D'Landwirtschaft läit mer wierklech um Häerz", sou den 21 Joer ale Student. Mat de gréissten Defi fir jonk Bauere wieren d'Investitiounen. Do géing ee mat groussen Zomme jongléieren an et misst ee sech dann och iwwer eng gewëssen Zäit festleeën. Dat géing Jonker dacks ofschrecken.
Klimawandel an Inflatioun
E weideren Defi wier de Klimawandel. Déi aktuell Reen-Period aus de leschten zwou Woche wier net immens fir d'Recolte, besonnesch d'Qualitéit vum Brout-Weess hätt gelidden. Et wier net alles verluer, mä et hofft een op elo e bësse méi dréchen Zäiten. Op laang Siicht wier et jo esou, dass d'Baueren eng Versécherung vum Staat hu fir hir Kulturen an anerersäits géing jo och vill gefuerscht ginn, fir d'Zorte méi resistent ze maachen. Dat wiere Klengegkeeten, mat deenen een duerno awer villes kéint steieren, sou de Charel Ferring.
Als ganz turbulent bezeechent den neie President d'Situatioun mat der héijer Präisdeierecht. Et géif erop- an erofgoen, déi eng Produktioun géing gutt lafen an déi aner schlecht an et wier schwéier, fir laangfristeg Prognosen ze maachen. Besonnesch d'Vermaartungskäschte géinge vill variéieren.
Zefridde mam Agrargesetz
Punkto Agrargesetz wier een zefridde mat dem Text, dee virun der Summerpaus gestëmmt gouf. Wat d'Definitioun vum aktive Bauer ugeet, hätt een elo e gudde Kader, well all Bauer gewëssen Ausbildungsstandarde misst erfëllen an dat géing de Beruff valoriséieren. Dat hat een och sou gefuerdert, erkläert de Charel Ferring. Mam neien Text kéimen awer och nach eng ganz Rei Defien op d'Baueren duer. Zum Beispill wann ee wéilt am Véi-Beräich investéieren. Do géing dann e Monitoring vum Ammoniak gemaach ginn. Do misst een elo kucken, wéi dat an der Praxis ausgeluecht gëtt, sou den Invité.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.