Medezin op der Uni Lëtzebuerg ze studéieren, ass e Virdeel
En Dënschdeg de Moie war d'Medezin-Ausbildung op der Uni Lëtzebuerg d'Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Dëse Summer hunn déi éischt 13 Medezin-Studenten hire Bachelor op der Uni Lëtzebuerg ofgeschloss. Duerch Accorde mat auslänneschen Unie studéiere si elo am Ausland weider. Dat sot den Direkter vun der medezinescher Ausbildung op der Uni Lëtzebuerg den Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. De Professer Gilbert Massard huet erkläert, dass mëttlerweil 33 Plaze fir de Medezin-Studium hei am Land disponibel sinn, déi och quasi all besat sinn. Déi meescht wiere Lëtzebuerger. Dann natierlech och Lëtzebuerger Residenten, ma och Leit aus der Groussregioun, déi Franséisch kënnen.
Virdeeler par rapport zum Ausland
Et hätt een als Uni Lëtzebuerg ee grousse Virdeel par rapport zum Ausland, well de Contingent relativ kleng ass. D'Studente sëtzen zu 33 am 2. Joer. Am Ausland wier een do zu 350. Dat heescht, d'Studenten hunn e méi enke Kontakt mat hiren Proffen an den Dokteren, déi si enseignéieren. Domadder hätt ee bal 3 Enseignantë pro Student. Am Ausland wieren et 10-15 Studenten pro Enseignant. Duerch déi kleng Gruppe kéint een och vill méi praktesch schaffen. Op der Uni hätt een e Simulatiounstrainingszenter opgebaut, wou d'Studenten eng ganz Rei Geste kéinte léieren, iert se dat un engem Patient maachen. A schlussendlech kéinten d'Studenten och nach eng Rei Stagen zum Schluss vun hirem Studium maachen.
Mat engem Master d'Dokteren zu Lëtzebuerg halen
Ob "à moyen terme" och e Medezin-Master soll ugebuede ginn, dat wier eng politesch Fro, seet de Professer Massard. Den Héichschoul- an de Gesondheetsministère an enger neier Regierung wieren do gefuerdert. Et hofft een natierlech och, mat Bléck op d'Doktesch-Penurie, dass sech duerch de Bachelor-Studium an den enke Kontakt mat den Dokteren an de Praxis-Coursë méi Studenten un de Grand-Duché bannen a sech dann no hirem definitiven Ofschloss och hei am Land berufflech néierloossen. Aktuell wier et jo sou, dass se nom Bachelor an d'Ausland ginn an ier se definitiv fäerdeg sinn, vergi gutt 5-10 Joer, an deenen déi meescht sech dann och am Ausland eng Existenz opgebaut hunn. Wa mer awer bis ee Master an der Medezin géingen ubidden, kéint sech dat och änneren, sou den Invité.
Brauche mer een Universitéits-Spidol?
Op d'Fro vun engem Uni-Spidol ugeschwat, äntwert den Direkter vun dem Medezin-Bachelor op der Uni, dass et kee Wäert hätt, e komplett neit Spidol ze bauen. Den CHL géing ausgebaut ginn, d'Hôpitaux Robert Schuman anscheinend och, de CHEM soll an ee Südspidol anzéien an de Centre Hospitalier du Nord wier souwisou schonn dat schéinste Gebai am Land. Dofir soll een onnëtz Ausgaben evitéieren a léiwer d'Medezin hei am Land universatiséieren. Dat misst en nationale Projet sinn, wou all Mënsch matmécht a wou d'Professuren op déi verschidde Spideeler verdeelt ginn, sou de Professer Gilbert Massard.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.