D'Reform vum Mietgesetz misst gestëmmt ginn
E Mëttwoch de Moie war de Logementsmarché d'Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Wat ëmmer erëmkënnt, si Problemer, well de Loyer vun haut op muer eropgeet. Et kritt ee gesot, et misst een 30% méi bezuelen. Dat ass fir vill Leit net dran oder finanziell just ganz schwéier ze stäipen. Dat sot de Jean-Michel Campanella de Mëttwoch de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Dem President vum Mieterschutz no géif et där Fäll rezent ëmmer méi ginn. De Proprietär géif elo och ëmmer méi dacks, wann net bezuelt gëtt, op de sougenannten "besoin personnel" zeréckgräifen, sou dass de Locataire da misst eraus. Duerno géing dann e méi héije Loyer gefrot ginn.
Loyerspräisser explodéieren
Kloer wier op alle Fall, dass et ëmmer manner Leit gëtt, déi sech eppes kënne kafen. D'Verkafspräisser falen deemno. Op der anerer Säit gëtt awer méi gelount an deementspriechend klammen och d'Loyerspräisser, well et net genuch Offer gëtt. Leit, déi eleng sinn, stéingen iwwerdeems op de Lëschten, fir abordabele Wunnraum ze lounen, ganz uewen, well fir si de Marché am deierste wier. Duerno kéimen elengerzéiend Elteren, mä och Famille mat ville Kanner hätte Problemer, eppes ze fannen.
D'Reform vum Mietgesetz misst gestëmmt ginn
Dat geplangte Loyersgesetz léisst jo weiderhin op sech waarden. De Mieterschutz géif sech awer wënschen, dass den Text gestëmmt gëtt, ouni den Deel vun der Loyersberechnung. Deen Deel hate si och kritiséiert, well domadder de maximale Loyerspräis bei ale Wunnenge méi héich dierf si wéi aktuell. Wann d'Reform vum Bail à loyer awer net géing gestëmmt ginn, fäert de Mieterschutz, dass et weider jorelaang dauert, bis iwwerhaapt eppes geschitt, well net vill Parteien hannert dem Gesetz géinge stoen. Am Text vum Minister Kox stéinge wichteg Elementer, déi et bis ewell nach net gouf, wéi beispillsweis wat d'Co-Locatioun ugeet oder d'Reduktioun vun den Agence-Fraisen, déi mam Gesetz sollte gedeelt ginn, an eng Limitatioun op der Garantie locative. Déi Elementer géingen de Locatairen an der aktueller Situatioun awer hëllefen, erkläert den Invité.
Locatairë si jiddwerengem egal
D'Parteien, déi fir d'Chamberwalen untrieden, géingen zum Beispill proposéieren, fir mat de Promoteuren ze kucken, dass méi gebaut gëtt oder fir verschiddene Leit ze hëllefen, dass se nees kafe kënnen an d'Locatairë wieren einfach jidderengem egal, kritiséiert de Jean-Michel Campanella. Wat se dobäi géinge vergiessen, wier, dass och déi Mesuren net direkt géinge gräifen a bis dohinner géingen d'Leit ëmmer méi an de Misär kommen. Entweder si géingen déi grouss Haussen acceptéieren oder déi aner Säit vun der Grenz goen.
En vue vun de Wale fuerdert de Mieterschutz eng Loyersbrems, déi och géing wierken. Bis elo däerf e Proprietär hei am Land 5% vum investéierte Kapital als Joresloyer froen. Mam neie Gesetz géing deen Taux vu 5 op 3,5 respektiv 3% erofgoen. Fir d'Neibaute wier dat ok, ma net fir méi al Wunnengen. Do bräicht een en aneren adaptéierte System, fuerdert de Jean-Michel Campanella.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.