E Freideg de Moie war d'Schoul an d'Gesondheet vun de Schüler Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Gewalt, Mobbing, Harcèlementer, dat si Sujeten, déi definitiv den Ament dominéieren. Op d'Fäll awer wierklech zougeholl hunn, dat kéint hien net soen. Mobbing gouf et awer nach ëmmer, wann och ënnert anerer Form. Dat sot den Alain Massen e Freideg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. De President vun der Nationaler Elterevertriedung huet erkläert, dass deen Aarbechtsgrupp, an deem sech déi meeschten Eltere bei hinnen ageschriwwen hunn, dee vun der Gewalt ënnert de Jonke wier. Am Hierscht géifen déi Diskussiounen ulafen. Ganz allgemeng misst ee besonnesch beim Phänomen vum Happy Slapping, wou e Jonken humiliéiert oder attackéiert gëtt an dat Ganzt och mat gefilmt gëtt, oppassen, dass ee just een Deel vun der Wourecht géing gesinn, just eng Perspektiv. Déi Roll vum Affer a vum Täter wier net ëmmer ganz kloer. Et  géing och net nëmmen ëm dat goen, wat an der Schoul geschitt, mee och wat ausserhalb dovunner geschitt. Um Schoulwee, an der Fräizäit, owes op Partyen, ma och d'Gewalt-Phänomen an de Familljen.
Handy Verbuet: Een Zeechen vun "Ohnmacht"

Wat en Handy-Verbuet an de Schoulen ugeet, sou wéi de Lycée Ermesinde en aféiert, schwätzt den Alain Massen vun engem "Ohnmachtsgefill" vun der Schoul an vun der Gesellschaft. Et dierft een net mengen, dass een domadder de Problem geléist kritt. Grad wei bei den Zigaretten, géif et ëmmer eng Méiglechkeet ginn, fir d‘Verbuet z‘ëmgoen. Fuddele kéint een ëmmer.  E Verbuet wier ëmmer déi einfachst, ma net déi produktiivste Léisung. De Smartphone géif mëttlerweil zu eiser Gesellschaft gehéieren, et kéint een deen net méi ewechdenken.

Och e Verbuet vu verschiddenen Applikatiounen, wéi TikTok, géif eis Gesellschaft net weider bréngen. Da kéint een iwwer VPN nach Zougrëff dorop hunn an, an e puer Joer géingen dann nees nei Appen entstoen, déi dës géingen ersetzen.

Alternativen zum Handy-Verbuet

Ob et elo d‘Gewalt an de Schoulen ass, ob et ëm d‘Handyen geet oder ëm d‘Plattforme geet, et wier ee Gesellschaftsphänomen, dat net nëmmen déi Jonk betrëfft.  Den Handygebrauch wier och bei eelere Leit an d'Luucht gaangen a vu Gewalt ënner Erwuessene géing een all Dag héieren. Et misst ee sech dofir villméi froen, wéi eng Roll d’Schoul spille kann a muss, fir dat ze begleeden an z‘erklären. Zesummen natierlech och mat den Elteren.

Et wier wichteg dat och an de Schoulprogramm anzebauen. Et géing ganz vill driwwer geschwat ginn, allgemeng och iwwer d‘Wuelbefannen vun de Schüler. Dat géing awer net heeschen, dass genuch gemaach gëtt. D‘mental Gesondheet misst een un der Wuerzel upaken an dat misst e feste Bestanddeel vum Programm sinn. Et géing net duergoen ee Mëtteg am Joer iwwer Gewalt, Konfliktléisung oder iwwer Emotiounen ze maachen, sou den Alain Massen.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.