Nohaltegkeet ass net wierklech e Sujet bei de Rees-Clienten
E Méindeg de Moie waren d'Rees-Gewunnechte vun de Lëtzebuerger Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Et ass bis ewell eng gutt Saison. Et gëtt nees vill a gäre gereest. Mer leien an eise Projektiounen. Wa mer Chance hunn, sinn mer 2023 nees um Resultat vu virun der Pandemie, also vun 2019. Dat sot de President vun der Unioun vun de Reesagencen, der ULAV, e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. De Fernand Heinisch huet erkläert, dass d'Reesen natierlech méi deier gi wieren, ma dass ee vum Volume vun de Reesen hir, déi gebucht ginn, d‘Inflatioun net spiert. Wann d'Präisdeierecht net wier, hätt ee vläicht nach méi verkaaft, mee dat wéisst een eben net, sou den Invité.
Klassesch Destinatiounen am meeschte gebucht
Et sinn nach ëmmer déi klassesch Destinatiounen, déi am meeschte gefrot ginn: also Portugal, Spuenien, Italien, Frankräich a Griicheland. Oder wann et mol méi wäit soll goen d’USA a Kanada. Am Wanter ass nieft der Karibik, dem Oman an de Arabeschen Emiraten, och de Cap Vert ëmmer méi um Kommen. Wärend de Bëschbränn zu Rhodos, hätten effektiv vill Leit ëmgebucht, ma déi aktuell Hëtzt-Well hätt dem Enthusiasmus fir déi klassesch Destinatiounen net wierklech geschuet. Dat aktuell Wieder dobaussen, wat jo net wierklech no Summer ausgesäit, spillt de Reesagencen nämlech an d’Kaarten, well vill Leit nach wëlle fort, eraus aus dem Reen, sou den Fernand Heinisch.
Nei Tendenzen
Wat d'Produiten ugeet, do géingen natierlech d'Pauschal-Reesen ëmmer nach fir de gréissten Ëmsaz suergen. Ma ëmmer méi dacks wéilt de Client och personaliséiert, sur-mesure reesen. En Trend, deen een och zanter der Pandemie géing gesinn, wieren d‘Länner an Nord-Europa, Island a Skandinavien. D'Profiller vun de Cliente ginn iwwerdeems queesch duerch de Gaart. Et wier och esou, dass nees ëmmer méi Jonker an de Reesbüro ginn. Vill Leit hätten nämlech duerch d‘Pandemie nees den Avantage vun de Reesbüroen entdeckt.
Op Nohaltegkeet gëtt beim Reese manner gekuckt
Nohaltegkeet ass net wierklech e Sujet bei de Clienten, seet de Fernand Heinisch. D'Leit wiere vläicht bëssi méi sensibel bei de Croisièren a géingen och alt mol froen, ob d‘Schëff mat Flësseg-Gas fiert. Mee soss géinge virun allem d’Operateure wéi Hoteller, Fluchgesellschaften oder Croisièresschëffer selwer schonn eng Jett ëmsetzen. Mee et wier schwéier den CO2-Ausstouss ze reduzéieren, wann een net wéisst a wéi eng Richtung et géing goen: Bio-Kerosin, Waasserstoff, Elektresch. D'Hoteller géinge manner Plastik benotzen, de Stroum eventuell mat Solar-Anlage produzéieren an och versiche manner Iessen ewechzegeheien. Dat géing awer och net alles vun haut op muer goen. Fir de Client selwer wier dat an der Reesagence manner en Thema. CO2-Ausgläicher zum Beispill mat den Airlinne géifen och éischter manner gefrot ginn, erkläert de President vun der ULAV.
Den Tourismus net stigmatiséieren
Dat Wuert "Over-Tourism"ass dem Fernand Heinisch iwwregens een Dar am An. Den Tourismus wier eng vun de gréissten a wichtegsten Industrien op der Welt wier. Vill Leit a Länner géingen dovunner liewen. Et dierft een also den Over-Tourismus net ze vill stigmatiséieren. D'Destinatioune wéi Venedeg, Bruges, Barcelona géinge selwer vill dogéint ënnerhuelen. Zu Venedeg misst een elo zum Beispill eng Entrée bezuelen, fir iwwerhaapt eranzekommen. Zu Dubrovnik dierfen net méi souvill Croisièresschëffer op een Dag ukommen. An a Griicheland géing een einfach d'Saison verlängeren, erkläert de Fernand Heinisch.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.