E Mëttwoch de Moie war den Doud en Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Stierwen ass nach ëmmer en Tabu-Thema zu Lëtzebuerg. Fréier hu vill Generatiounen ënnert engem Daach gelieft an d‘Leit sinn nach doheem gestuerwen a goufen opgeboort. Haut géinge mer et gutt fäerdeg bréngen, den Doud vun eis ewechzehalen. D'Pandemie hätt dat och nach méi schlëmm gemaach. Dat sot d’Diane Dhur e Mëttwoch de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun. D’Presidentin vun Omega 90 huet erkläert, dass et awer wichteg wier, sech domat ze konfrontéieren a mam Partner oder der Famill driwwer ze schwätzen. Et soll ee sech Gedanke maachen, wat ee selwer wëllt oder net wëllt am Fall, wou ee krank ass. Idealerweis mat enger Patienteverfügung.

Ëmmer méi jonk Patienten am Haus Omega

D‘Asbl Omega 90 hat zejoert 4.400 Berodungsgespréicher, huet 1.100 Persoune psychologesch- an 130 Patienten am Haus Omega, enger palliativer Struktur betreit. Finanziell géing ee vu verschiddene Ministèren an der CNS ënnerstëtzt ginn, mee et wier een och op Donen ugewisen. Ouni de Benevolat géing Omega 90 allerdéngs net fonctionéieren. 73 Benevollen an 62 Salariéeë schaffe fir d’ASBL. Als benevolle Stierfbegleeder muss een 160 Stonnen Formatioun an engem Joer absolvéieren.

Am Haus Omega géingen och ëmmer méi jonk Patiente betreit ginn, sou d'Invitée. Bis ewell wieren et eigentlech am Duerchschnëtt méi al Leit gewiescht. Dat erkläert ee sech doduerch, dass ee mëttlerweil och ëmmer méi Kriibspatienten hätt. Zejoert wieren d'Kriibskrankheeten am Haus Omega an d'Luucht gaangen. 87,5 Prozent vun de Patienten hate Kriibs an do wier besonnesch de Longekriibs méi heefeg ginn. Do hätt een zejoert 34 Patiente gehat an dat Joer virdrun 20. Warscheinlech wieren d'Symptomer dovunner méi Therapie-resistent an dofir géingen déi Patienten dann am Haus Omega landen, well se doheem d'Péng net méi packen oder keng Loft méi kréien.

Et muss ee jo net vun engem Dokter an d’Haus Omega iwwerwise ginn. Et kann ee selwer eng Demande maachen, déi da gepréift gëtt. An engem Gespréich misst een dann dacks opklären, dass een eng palliativ Struktur ass a kee Rehazenter, sou d'Presidentin vun Omega 90.

All Mënsch misst eng Vertrauenspersoun festleeën

De Wonsch no enger Euthanasie wier reegelméisseg Thema. An der Reegel bitt Omega 90 dann awer eng palliativ Fleeg un. Just 2-4 mol am Joer eng Euthanasie. Allgemeng schwätzt sech d'Presidentin vun Omega 90 awer dofir aus, fir méi iwwer Euthanasie fir Kanner oder fir Leit mat Demenz ze diskutéieren. D'Gesetzer misste reegelméisseg un d'Besoine vun enger Gesellschaft ugepasst ginn.

Un d’Politik ass et den Appell, dass e legale Kader geschaaft gëtt, dee kläert, wie Recht op palliativ Fleeg kritt. Et géing schonn een Instrument dofir ginn, mee et wier net gesetzlech festgeluecht. Donieft bräicht all Bierger iwwer 18 Joer hei am Land eng sougenannt "Personne de confiance", déi genee weess, wat ee gären hätt. Mat den zwee Gesetzer vun 2009 iwwer déi palliativ Fleeg an d‘Euthanasie géingen der Vertrauenspersoun nämlech e wichtege Stellewäert ginn, ma déi meescht Leit hätte keng. Dofir fuerdert d'Diane Dhur, dass een déi Vertrauenspersoun festleet, zum Beispill am Dossier de soins partagés oder am "MyGuichet".

Invité vun der Redaktioun: Diane Dhur

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.