Dat "Positiivt" aus der Ongewëssheet maachen
En Donneschdeg de Moie war den Entrepreneursgeescht Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Et ass e bëssen eng ugespaante Situatioun den Ament, duerch déi bekannte wirtschaftlech- a geopolitesch Grënn. Eng gewëssen Angscht läit an der Loft an dat spiert een och bei eis, sou d'Generalsekretärin vun der Fédération des jeunes dirigeants d’entreprise (FJD) en Donneschdeg de Moien op RTL. D'Carole Retter huet vun enger Situatioun geschwat, déi kaum previsibel wier. An trotzdeem géing et an hiren Aen drëms goen, Opportunitéiten ze sichen an dat Positiivt draus ze maachen.
Dat wier eppes, wat een och de Jonke wéilt vermëttelen, fir den Entrepreneursgeescht ze fërderen, sou d’Carole Retter weider. Déi klassesch Lëtzebuerger Mentalitéit misst änneren. Sech eppes trauen, eppes grënnen, wat awer an engem Echec endegt, dierft net verdäiwelt ginn. Vill méi sollt et als Erfarung ugesi ginn. Och de séchere Wee, mat éischter eng Plaz beim Staat, wier nach ëmmer an de Käpp vun de Leit. D'Carole Retter war iwwerzeegt, datt een net muss Hëllef vun Doheem hunn, fir sech ze lancéieren: de Staat géing do mat verschiddene Mesuren hëllefen.
De legale Kader fir jonk Entrepreneuren hätt sech och ënnert dem Stréch e bësse verbessert. D'Generalsekretärin vun der Fédération des jeunes dirigeants d’entreprise (FJD) huet begréisst, datt verschidde Prozeduren vereinfacht goufen déi lescht Joren oder nach d'Reform vum Droit d'établissement, mat där een éischter eng zweet Chance ka kréien wann ee Mol eng Faillite gemaach huet.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.