Datt d'Verbriecher Auslänner sinn, wier net d'Realitéit
E Freideg de Moie war d'Immigratiounsgesetz Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
De Vetrieder vun den immigréierten Aarbechter war guer net frou mat den Aussoe vun der Policegewerkschaft SNPGL. Hir Presidentin, d'Marlène Negrini hat d'lescht Woch hei op der Antenn gesot, d'Kriminalitéit wier warscheinlech geklommen, well ebe vill Auslänner op der Gare géinge lafen. Datt d'Verbriecher Auslänner sinn, dat wier net d'Realitéit, sou de President vun der Asti, den Evandro Cimetta.
Et wier een an enger Situatioun, wou eenzel "minimalistesch" Fäll generaliséiert ginn a wéi d'Realitéit géingen duergestallt ginn, sou den Evando Cimetta. Fir datt et keng esou Situatioune gëtt, huet hie fir d'Regulariséierung vun de Leit, déi keng Openthaltsgeneemegung hunn, plädéiert, sou wéi dat virun 10 Joer gemaach gi wier. Da kéinten déi Leit och schaffe goen.
Datt d'Presidentin vun der Policegewerkschaft dann och nach gesot huet, et géinge vill Poliziste mat auslänneschen Originnen hunn, géing weisen, datt kloer eng Differenz ënnert de Leit gemaach gëtt. Am politeschen Discours géingen och Immigranten an Asildemandeuren dacks an een Dëppe geheit ginn. Den Evandro Cimetta huet betount, datt Leit, déi op der Flucht sinn, Leit sinn, déi ëm hiert Liewe fäerten a menacéiert sinn. Et wier "ons Aufgab" dee beschtméiglechsten Empfang ze ginn.
De President vun der Asti huet och bedauert, datt d'Politik an d'Regierung mat enger Rei rezente Reformen en direkte Lien gemaach hätt tëscht der Kriminalitéit an der Immigratioun. D'Chamber huet déi lescht Méint effektiv Ännerungen un den Immigratiouns- an Asylgesetzer, sou wéi um Aarbechtsrecht ënnerholl. Graff resuméiert, geet et drëm, den Ëmgank ze definéiere mat Leit, déi eng Asyldemande an engem aneren EU-Land gemaach hunn an deenen hir Demanden dem Dublin-Accord no an deem Land mussen traitéiert ginn. Ënnert dem Stréch ass et och drëm gaangen, fir Asyldemandeuren, déi eppes verbrach hunn, kënnen anzespären oder auszeweisen.
Genee ewéi de Flüchtlingsrot an de Staatsrot huet den Evandro Cimetta kritiséiert, datt d'Krittären, déi am Gesetz festgehale goufen, fir Leit an irregulärer Situatioun ze bestrofen, net präzis wieren. Dem Asti-President no wier d'Présomption de fuite besonnesch problematesch. D'Autoritéite géinge generell also dovunner ausgoen, datt en Asyldemandeur aus engem anere Land riskéiert fortzelafen oder sech ze verstoppen. Den Evandro Cimetta huet e Freideg de Moie gehofft, datt an der Praxis elo net all Asyldemandeur an de Centre de rétention kéim. E Centre, deen hien als "Prisong" bezeechent huet.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.