En Dënschdeg de Moie war psychiatresch Hëllef Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Um Terrain gesäit et net ganz gutt aus. Et ass ganz vill Drock am System. Dat huet de President vun der SLPPP, der Lëtzebuerger Societéit vun de Psychiateren, de Kanner-Psychiateren an der Psychotherapie, de Moien hei op RTL deklaréiert. Den Dokter Paul Hédo huet Zuelen aus enger franséischer Etüd opgezielt: zum Beispill hätten zanter der Pandemie 7 Prozent vun de Leit méi Depressiounen, 11 Prozent méi Angscht-Symptomer a 5 Prozent méi Selbstmord-Gedanken. Hie sot och, dass a sengem Spidol, dem CHL [n.d.l.r.], all Dag 10 Leit géingen uruffen, deenen ee kee Rendez-vous kéint ginn. An der Kannerpsychiatrie do misst ee mat 6 Méint rechne bis een drukënnt. An d'Urgencë wieren all Dag iwwerfëllt.

Et musse kloer Prioritéite gesat ginn

Den neien nationale Plang fir déi mental Gesondheet vun der Gesondheetsministesch géing wuel wäit genuch goen, mee den Paul Hédo sot, de Plang géing sech "verzettelen". Vill Saache géingen ugeschwat ginn, mä et géinge keng kloer Prioritéite gesat ginn. Scho virun 10 Joer wier e Plang gemaach ginn iwwer déi psychesch Gesondheet vun de Jonken. Deen hätt 5 Prioritéite gehat an dovunner wier awer keng ëmgesat ginn. Dofir misst déi nächst Regierung hire Verwaltungen e kloren Optrag ginn, fir ze wëssen ewéi wat soll ëmgesat ginn. D’SLPPP hätt dann och festgestallt, datt et an den Hëllefsstrukture fir Kanner a Jugendlecher u Kompetenze feelt fir ze verstoen, wat wierklech bei hinne lass ass.

Mir brauchen ee Secteur extrahospitalier an der Kanner- a Jugendpsychiatrie

D'SLPPP fuerdert ee Secteur extrahospitalier an der Kanner- a Jugendpsychiatrie, dee pluridisziplinär an ambulant schafft. Wien dësen duerno bedreift, also ob en un ee Spidol ugedockt gëtt oder net, dat wier hinnen egal, sou den Invité. Dës Fro misst politesch gekläert ginn. Ee Secteur extrahospitalier géing et schonn an der Erwuesse-Psychiatrie ginn. Do géingen iwwer 200 Leit schaffen. De Secteur wier vun der Santé an der Krankekeess konventionéiert. Et géingen awer Rumeuren zirkuléieren, dass d’Santé Wëlles hätt enger kommerzieller Societéit en Agrement ze ginn, fir therapeutesch Wunnenge fir Leit, déi schwéier psychesch krank sinn. Den Dr. Paul Hédo huet dofir d’Santé opgeruff, fir sech z'erklären.

Et brauch eng Formatioun op der Uni Lëtzebuerg

Ganz allgemeng bräicht et och nach eng Verstäerkung vun de Kanner- a Jugend-Psychiatreschen Abteilungen an de Spideeler. An der Erwuessene-Psychiatrie misst onbedéngt d'Organisatioun vun den Urgencen iwwerduecht ginn. Et bräicht een Audit iwwer d'Better an de verschiddene Psychiatrien an et bräicht eng Formatioun fir d'Psychiateren a Kannerpsychiateren hei op der Uni Lëtzebuerg. Dat géing aktuell nach vun der Uni gebremst ginn, mee do misst virugemaach ginn, sou den Dr. Paul Hédo.

Invité vun der Redaktioun: Dr. Paul Hédo

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.