Spideeler mussen "attraktiv" sinn
E Mëttwoch de Moie war de Gesondheetssystem Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D’Waardezäiten an de Lëtzebuerger Spideeler sinn net esou katastrophal, wéi dacks gesot gëtt, sou den Dokter René Metz e Mëttwoch de Moien hei op RTL. De Vize-President vun der Lëtzebuerger Spidolsfederatioun FHL an Direkter vum CHEM sot awer och, si géingen analyséieren, firwat et heiansdo zu ze laange Waardezäite kënnt.
Hien huet erkläert, datt eng vun de Léisungen ass, fir verschidde Filièren en fonction vun der Urgence z‘organiséieren. Bei de Mammographië misst een zum Beispill ënnerscheeden tëscht engem normalen Depistage an enger Fra, déi vläicht schonn e Knuet huet a méi dringend e Rendez-vous bräicht. Do wier effektiv heiansdo e Problem, datt d‘Dokteren net gutt genuch un d‘Radiologe kommen, fir eben dës Examen an urgence unzefroen. Wat elo scho gehollef hätt, wier datt elo och Weekends Exame kënne gemaach ginn, sou den Invité.
Ëmmer nees géing iwwer d‘Zuel vun Apparater geschwat ginn. Zum Beispill bei den IRMen. Dem René Metz no wier den Haaptproblem an Zukunft net fir genuch Maschinnen ze hunn, mee fir genuch Radiologen a Personal ze fannen, déi d‘Biller kënnen analyséieren an d‘Maschinne bedéngen. Do wier een nees beim Volet vun der Attraktivitéit vun de Spideeler. Et misst een attraktiv bleiwen, fir Leit an d‘Spideeler ze zéien an do misst och d‘Spidolsfederatioun eng zentral Roll spillen.
D‘Dezentraliséierung vun der Spidolsmedezin, oder de Virage ambulatoire, déi d’CSV an d’DP wëllen ausbauen, war e weidere Sujet e Mëttwoch de Moien. Mécht dat der FHL Suergen? Dozou sot de Vize-President vun der Federatioun, datt d‘Plaz, wou et gemaach gëtt, net de sprangende Punkt wier. Den Echange tëscht Dokteren a Professionelle wier essentiel. De René Metz huet d’Fro gestallt: firwat dat explodéieren no baussen, wann et schonn esou am Spidol existéiert?
An engem "livre blanc" an duerno engem Pabeier mam Titel "Visioun 2030 fir d’lëtzebuerger Spideeler a Gesondheetssystem" huet d’FHL eng Rei Propositiounen a Pisten ausgeschafft, fir ënnert anerem d’Spideeler méi attraktiv ze maachen, respektiv op de Manktem un Dokteren a Personal ze reagéieren.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.