Phänomenal Hausse bei Mëssbrauch a Jugendkriminalitéit
En Dënschdeg de Moie war de Jugendschutz beim Parquet Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D’Gesellschaft ass méi aggressiv ginn, de Manktem u Respekt ass immens an d’Luucht gaangen, seet den David Lentz, de Procureur Adjoint vun der Abteilung Jugendschutz beim Parquet. Hie war en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Zejoert hat ee schonn e Rekordjoer, wat d’Dossiere vu Mësshandlunge vu Kanner a Jonke a vu Jugendkriminalitéit ugeet. Mä dee Rekord géif dëst Joer nach emol phänomenal getoppt ginn. Zejoert goufen 1.500 nei Dossieren opgemaach. Dëst Joer si bis den 1. August schonn 1.200 nei Dossiere registréiert ginn, dowéinst géing ee vun engem neie Rekord ausgoen.
D’Departement Jugendschutz beim Parquet kritt souwuel Dossieren, bei deenen d’Kanner a Jonker Affer sinn, esou wéi och déi Fäll, bei deenen déi Mannerjäreg Täter sinn. Dem David Lentz no ass d’Kriminalitéit ëm 15% an d’Luucht gaangen. Bei de Mësshandlungen, also de Fäll, bei deenen et ëm d’Affer geet, gëtt et souguer e Plus vu 44%.
Hausse ass op verschidde Facteuren zeréckzeféieren
D’Populatioun géif natierlech wuessen. Op der anerer Säit géing och méi Preventioun gemaach ginn, wat méi Signalementer bedeit an eng manner héich Donkelziffer. D’Jugend wär och net méi kriminell wéi de Rescht vun der Gesellschaft, mä allgemeng wär d’Gesellschaft méi geféierlech, respektiv méi aggressiv ginn, an dat wär e schlecht Virbild fir déi jonk Generatioun, bedauert de Procureur Adjoint.
Hien huet och confirméiert, datt et net genuch Plaze fir kriminell Jugendlecher gëtt, déi missten agespaart ginn. Aktuell kommen an extreme Fäll Jonker an de Prisong op Schraasseg, wann an der UNISEC näischt fräi wier. Dat géif een zwar bedaueren, mä et misst een och d’Gesellschaft schützen. Dat wier och dee leschten Auswee bei Plazmanktem. Déi zoue Struktur zu Dräibuer huet nämlech nëmmen 12 Plazen, dat wier vun Ufank un ze kleng gewiescht. Allgemeng géing et un den néidege Strukture feelen, esou den David Lentz. Net nëmme misst d’UNISEC ausgebaut ginn, mee och getrennten Infrastrukturen, déi méi geziilt schaffen, wiere wichteg. Zum Beispill, fir dass Jonker, déi kriminell gi sinn, weider kënnen an d’Schoul goen, mee owes an nuets awer an enger zouener Struktur sinn.
Fir d’éischt d’Strukturen ausbauen an dann d’Reform
Den David Lentz huet widderholl, dass hien d’Reform vum Jugendschutz net wierklech begréisst. De Parquet hätt dozou och schonn Avise geschriwwen. Vill méi wichteg wier et, dass fir d’éischt d’Strukturen ausgebaut ginn, fir déi Mannerjäreg richteg ze encadréieren, souwuel wa si Täter sinn, ewéi och wann d’Kanner a Jonker Affer sinn. De Jugendschutz vum Jugendstrofrecht ze trennen, wat mat der Reform ugeduecht ass, wier dem David Lentz no net sënnvoll. Et géing nämlech dacks e Lien bemierkt ginn, dass déi betraffe Kanner a Jonker net just Täter sinn, mee och Affer.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.