An de leschte Jore koum et zu enger Zerstéckelung vum Schoulsystem, déi zu Ongerechtegkeete féiert, heescht et vun der Feduse.

Am Virfeld vun de Walen huet d'Gewerkschaft vun den Enseignanten am Secondaire bei der CGFP eng Rei Richtlinne fir d'Walen ausgeschafft.

Hire President Raoul Scholtes war e Mëttwoch de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Engersäits géingen et ëmmer méi Sektioune ginn, anerersäits ëmmer méi international Schoulen. Dat géing zu geographeschen Ongerechtegkeete féieren, well net all Lycée d'Méiglechkeet hätt, déi ganz Panoplie unzebidden.

Et wier ëmmer manner "eng Schoul fir jiddereen", ma éischter "fir jiddereen eng Schoul", esou de Raoul Scholtes. Amplaz parallel Systemer opzebauen, misst ee kucke wéi eng Elementer gutt fonctionéieren, an déi flächendeckend ubidden, fir datt all Schüler vun der selwechter Offer profitéiere kann, egal wou e wunnt.

E grousse Problem sinn an den Ae vun der Feduse d'Promotiounskrittären an den nidderege Klassen am General. Déi wiere fréier ze vill restriktiv gewiescht, ma elo hätt een den ëmgedréinte Phenomen. D'Schüler hätten doduerch op 5ème zum Deel esou schlecht Notten, datt hire Choix, fir op 40ème orientéiert ze ginn, ganz limitéiert wier.

D'Proffegewerkschaft fuerdert dann, datt d'Iwwerstonne besser bezuelt ginn. Duerch Personalmanktem géingen d'Enseignante ganz vill Iwwerstonne leeschten, allerdéngs géingen dës zousätzlech Stonnen net besser oder d'selwecht, ma just zu 70 Prozent bezuelt ginn.

Invité vun der Redaktioun: Raoul Scholtes

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.