Héijen Opwand fir Hierschtleit anzestellen
Déi lescht Jore war et fir d' Wënzer net méi grad esou einfach, sougenannt Hierschtleit ze fannen, déi bei der Drauwelies hëllefen.
Ma ënnert anerem um "Jobday" vun der Adem, hätt Personal fir d'Saison kënne rekrutéiert ginn, wéi de Co-President vun de Privatwënzer en Donneschdeg de Moien als Invité vun der Redaktioun confirméiert huet. De Guy Krier huet keng Zuel vu Saisonsaarbechter genannt, déi iwwert dee Wee bäikoumen, mä d'Wënzer hätten dovu profitéiert.
Den administrativen Opwand fir den Certificat de Travail fir d'Hieschtleit wär grouss. Virop d'Prozedur ronderëm déi medezinesch Kontroll. Dat wär vill Opwand fir ronn 18 Deeg Drauwelies, fënnt de Guy Krier. Déi Hürd kéint vun enger nächster Regierung ofgebaut ginn, seet de Privatwënzer, deen awer soss mat der aktueller Regierung zefridden ass. Beim rezent gestëmmten Agrargesetz géif et nach technesch Froe ginn, virop wat d'Subventiounen an d'Präisser ugeet. Et géif ee sech vun der Politik generell ëmmer eppes erwaarden: Geheier fannen.
D'Dréchent am Mee an am Juni war virun allem fir jonk Planzen nees eng Erausfuerderung. Reen deet de Wéngerten natierlech ëmmer gutt, huet de Guy Krier ze bedenken ginn, ma am Juli an August hätt et dunn eigentlech schonn e bëssen ze vill gereent. Mä d'Wieder wär kee Wonschconcert, esou de Privatwënzer. Alles an allem géifen dëst Joer ganz schéin an zolidd Drauwen un de Riewen hänken.
Wéi eng Rei aner Privatwënzer produzéiert de Guy Krier a sengem Betrib Bio-Wäiner. Dat wär senger Meenung no net méi schwéier. Et kéint ee sech op de Buedem konzentréieren. Dat géif wuel Zäit brauchen, mä d'Struktur vum Buedem géif verbessert ginn an e kéint da besser Waasser späicheren. Dat wär natierlech e Virdeel bei Dréchent.
D'Privatwënzer beschäftege sech ëmmer méi och mat Wäin ouni Alkohol. Frënn vum Wäin schmaacht deen net ëmmer, huet de Guy Krier zouginn. Wann d'Demande sech entwéckele géing, da géife bestëmmt nach interessant Saachen op de Marché kommen. Ëmmerhi géif d'Communautéit vu Leit, déi keen Alkohol wëllen drénken, wuessen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.