112 net uruffen, fir méi séier am Spidol bäizekommen
E Freideg de Moie war de CGDIS Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Rettungsdéngschter hunn ëmmer méi Asätz. Och dëst Joer wäert de Rekord vun 72.000 Asätz d'lescht Joer nees gebrach ginn, esou de Generaldirekter vum CGDIS, de Paul Schroeder, e Freideg de Moien op RTL. Dat wier net just drop zeréckzeféieren, datt d’Land wiisst. De Paul Schroeder huet vun enger Tendenz geschwat, datt ëmmer méi Leit den 112 uruffen, obwuel et net ubruecht wier. Zum Beispill well se eng Waasserfuite hätten oder d’Ambulanz bräichten, fir méi séier am Spidol bäizekommen, ouni datt et en Noutfall wier. "Wann d’Ambulanz anzwousch anescht ënnerwee ass, dann ass se vläicht net do, fir den Noutfall, dee grad stattfënnt", sou de Paul Schroeder. De Chef vum CGDIS sot awer: An engem Noutfall soll een natierlech den 112 uruffen.
Generell wieren d’Rettungsdéngschter mat 660* Haaptberufflecher a gutt 3.800 Fräiwëlleger an den Ae vum Chef vum CGDIS gutt opgestallt, mee et misst ëmmer nogebessert ginn. Esou och bei der Ofdeckung vum Territoire: d’Zil ass jo bannent 15 Minutten, soubal den Appel beim 112 ukomm ass, op der Plaz ze sinn. Virun der Reorganisatioun vun de Rettungsdéngschter viru 5 Joer wieren d’Ambulanze just a ronn 50% vun de Fäll a 15 Minutten do gewiescht, elo wier ee bei ronn 67%. Vum Zil vun 90% wier een nach wäit ewech, mee de Paul Schroeder huet drop higewisen, datt et och an de meeschten Uertschaften "First responders" gëtt: Leit vum CGDIS, déi méi séier ouni Ambulanz schonn op d’Plaz ginn, fir Éischt Hëllef ze leeschten. Am Duerchschnëtt wieren d’Rettungsdéngschter an 13 Minutten op der Plaz.
*Am Interview huet de Paul Schroeder vun 260 Beruffspompjeeë geschwat, d'Zuel un haaptberuffleche Pompjeeë läit allerdéngs bei 660.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.