E Méindeg de Moie war de Startschoss vun der Walcampagne Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Et sinn nach fënnef Woche bis d'Chamberwalen, d'Walplakater hänken, e Méindeg ass de Startschoss vun der Campagne, bei där et kloer Reegele ginn. Iwwer de Weekend goufen dofir och fläisseg schonn d'Walplakater opgehaangen, déi eis elo bis den 8. Oktober wäerte begleeden. Nieft de 7 Parteien, déi aktuell schonn an der Chamber vertruede sinn, trieden och Fokus a Liberté-Fräiheet mat komplette Lëschten an alle 4 Walbezierker un.

Am Ganze kandidéiere 649 Leit op allen 12 Lëschten. Hei op RTL proposéiere mer déi nächst 5 Wochen iwwer 5 Schwéierpunkten. Ufänke maache mer um Radio, op der Tëlee an um Internet mam Sujet Klima a Mobilitéit. E Méindeg den Owend kommen iwwerdeem och d'Resultater vun der leschter Sonndesfro virun de Walen.

D'Walgesetz bitt e puer Hëllefen, esou eis Invitée vun der Redaktioun. Et steet dran, wat een net dierf maachen als Partei, wéi zum Beispill gréisser Kaddoe verdeelen oder bei d'Leit heem schelle goen. D'Michèle Schilt, Directrice-Adjointe vum Zentrum fir politesch Bildung huet preziséiert, dass net just d'Politiker, mee och d'Leit, déi esou Kaddoen unhuelen, kënne bestrooft ginn. Fir de Rescht ginn et u sech wéineg konkret Virgaben.

9 vun 12 Parteien hunn awer en Ofkommes ënnerschriwwen, an deem zum Beispill de Budget fir d’Walcampagnë festgeluecht gëtt. Diffamatioun a Fake-News sollen natierlech net benotzt ginn. Beispillsweis och keng Ballonen op Wal-Stänn verdeelen, fir nohalteg ze sinn. Ma hei ginn awer keng Sanktioune festgehalen, wann ee sech net drun hält. "Et ass natierlech am Sënn vun all de Parteien, datt se e propperen a faire Walkampf kënne féieren", esou nach eis Invitée vun der Redaktioun. D'Directrice-Adjointe vum Zentrum fir politesch Bildung (ZPB) huet nach erkläert, dass d’Ofkommes eng Zort Gentlemans Agreement tëscht de Parteie wier.

Eng Hëllef fir d'Wieler an d'Wielerinnen

E Freideg geet dann och de Site Smart-Wielen online - en Hëllefstool vum ZPB, wou ee seng politesch Meenung via eng 40 Froe kann erausfannen, an da kritt een ugewisen, mat wiem ee politesch op enger Linn läit. Dat wier awer just eng Hëllef an dacks wieren d’Leit och éischter iwwerrascht vum Resultat. D’Michèle Schilt sot, si géing éischter den Echo kréien, dass d’Leit da grad net déi Persoun oder Partei wielen, déi si affichéiert kruten. Ma et hätt een duerch den Tool awer e besseren Iwwerbléck vun de verschiddene Positiounen.

Dat géing och fir d’Walpréifsteng vun der Staatsbeamtegewerkschaft gëllen. D’CGFP hat jo de Parteie ganz ënnerschiddlech Froe gestallt, fir hir Positioune gewuer ze ginn. Eng ganz Partie Froe betreffen awer spezifesch d’Staatsbeamten an hir Accorden. Et wier net un hir, dat ze jugéieren, esou d’Directrice-Adjointe vum ZPB, och dat wier prinzipiell eng Hëllef fir d’Wieler. Et géing och weisen, dass de Parteien déi Wielerschaft wichteg ass.

Den Zentrum fir politesch Bildung huet nieft dem Smart-Wielen och Dokumenter zu ënnerschiddlechen Themen ausgeschafft, notamment fir Kanner a Jonker ze informéieren. Et wier wichteg, dass virun allem déi Jonk, déi fir d’éischt wiele ginn, déi néideg Informatioune fannen a kréien. Mä och wien nach keng 18 Joer huet, respektiv Kanner, déi net dierfe wiele goen, sollte vu Klengem un un de politesche System erugefouert ginn. Dat wier dat Haaptuleies vum Zentrum fir politesch Bildung.

All d’Publikatioune fannt Dir op www.zpb.lu.

Um RTL Play fannt Dir Erklärvideoen zu den Nationalwale vum Zentrum fir politesch Bildung.

Invité vun der Redaktioun: Michèle Schilt

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.