E Mëttwoch de Moie waren d'Ambitioune vun der CSV bei de Chamberwalen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D'CSV wëll stäerkste Partei bleiwen an dono a Verhandlunge goen, fir zeréck an d'Regierung ze kommen. Dat sot de Claude Wiseler, Co-Parteipresident vun der CSV, de Mëttwoch de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Et hätt ee 4 gutt Lëschten an et géif een alles maachen, fir et zeréck an d'Regierung ze packen.

D'Sonndesfro, wou een e positiven "Effet Frieden" gesäit, mat alt nees plus zwee Sëtz, wär e positiivt Signal. Et géif biergop goen, och wann ee generell virsiichteg wier mat Sondagen. Mä mir si gudder Laun, sou de Claude Wiseler, ouni iwwerhieflech wéilten ze sinn an et géif ee sech op de Walkampf konzentréieren.

Iwwerzeegt, datt 3er-Koalitioun weiderfiert, wann et duergeet

Dat Eenzegt, wat déi gutt Laun e bësse géif verdierwe géif, wier datt am Sondage dës Majoritéit nach géif 31 Sëtz behalen. An den CSV-President ass sech sécher: Wann et zu 3 nach emol duergeet, géife Blo-Rout-Gréng weiderfueren. Do wär et egal, ob e Premier Xavier Bettel oder Paulette Lenert heescht. Wien eppes anescht wéilt, misst d'CSV wielen.

De fréiere Mobilitéitsminister wollt – an eiser Themewoch "Mobilitéit" - de Reproche net gëlle loossen, datt an der Vergaangenheet ënnert him net genuch geschitt wier. Dat wär eng "total onberechtegt Kritik". A Relatioun mam PIB wär op d'mannst genee esou vill an d'Strooss an an d'Schinn investéiert gi wéi haut.

Wuesstem falsch ageschat a Prozeduren ze laang

De Wuesstem wär effektiv an den 90er an an den 2000er Jore falsch ageschat ginn. Bei den Infrastrukture wär ee konstant ënner Drock. De Claude Wiseler huet déi laang Prozeduren an déi administrativ Hürde kritiséiert. Do misst onbedéngt eppes geschéien, fir datt méi séier kéint reagéiert a gebaut ginn.

Invité vun der Redaktioun: Claude Wiseler

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.