E Mëttwoch de Moie war d'Chamber Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Dës dierft weder den "Enregistrementsbüro" vun der Regierung sinn, nach "d'Waardezëmmer" fir an d’Regierung ze kommen. Dat huet den neie Chamberpresident Claude Wiseler e Mëttwoch de Moien hei op RTL deklaréiert. Hien huet och betount, datt déi lescht Verfassungsreform d'Chamber esou gestäerkt hätt, datt se momentan "déi stäerkste Chamber ass, déi d'Lëtzebuerger Geschicht jee hat".

Fir déi Ausso z’ënnermaueren, huet de Claude Wiseler Folgendes opgezielt: D'Chamber krut hiert Recht op Informatioune gestäerkt, se braucht keng Majoritéit méi, fir eng Enquêtëkommissioun anzeberuffen an et gëtt elo de Vertrauens- oder Mësstrauensvott. Donieft huet hien drun erënnert, datt d'Chamber selwer kann Amendementer formuléieren. Fir hir Aarbecht krut se och méi Moyenen, dorënner eng Cellule scientifique a verstäerkt Personal "par Rapport zu den Dausenden Staatsbeamten, déi der Regierung zur Verfügung stinn".

Invité vun der Redaktioun: Claude Wiseler

D'Chamber sollt sech bewosst sinn, datt se den "Zentrum vun der Politik" wier, sou de Claude Wiseler weider. Hie wëll och d'Moderniséierung um Krautmaart viruféieren. Ënnert anerem kéinten eenzel Chamberkommissiounen iwwerdroen, an e bessere Suivi vu Motiounen a Resolutioune gemaach ginn. Anerersäits géing et eng Diskussioun iwwert déi laang Riednerzäite ginn. "Selbstverständlech misst all Sensibilitéit an all Oppositiounspartei d’Méiglechkeet hunn, déi Iddien, déi se representéieren, och korrekt an der Chamber kënnen ausdrécken", sou den neie Chamberpresident.

Besteierung vun Deputéierten: eng komplizéiert Diskussioun

A senger Ried en Dënschdeg huet den neie Chamberpresident "Asaz, Exemplaritéit an Humilitéit" vun den Deputéierten a Regierungsmembere verlaangt. Gehéiert dozou net, datt se ganz besteiert ginn an net méi just hallef? D’Fro esou gestallt wier "populär a vereinfacht", sou de Claude Wiseler. Géing een d'Deputéiert, Regierungsmemberen a Membere vum Staatsrot voll besteieren, da géingen hir Indemnitéiten ëm 10 bis 20 % einfach erofgoen. Hie sot, kee Mënsch wier frou, wa säi Salaire esou géing erofgoen, dowéinst misst en d'Indemnitéiten als Ganzt ugesinn. Dem Claude Wiseler no misst een eng Diskussioun iwwert de Statut vum Deputéierte féieren, well et och Ongerechtegkeete ginn tëscht Parlamentarier aus dem privaten an ëffentleche Secteur. D'Diskussioun wier vill méi komplizéiert, ewéi se géif duergestallt ginn.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.