De Pol Faber, Generalsekretär vum Groupement des Entrepreneurs, huet de Plang vun der Regierung, fir Bau-Projeten opzekafen, begréisst.

Domat géif abordabele Wunnraum geschaaft ginn an et wier eng Ënnerstëtzung fir d’Bauentreprisen, déi den Ament hir Projeten net verkaf kréien. De Pol Faber huet awer ze bedenke ginn, dass déi geplangten Investissementer vun 114 Wunnenge fir insgesamt 69 Milliounen Euro eng Drëps op de waarme Steen wieren.

De Generalsekretär vum Groupement des Entrepreneurs huet nämlech ze bedenke ginn, dass de Staat Investissementer an Héicht vu 500 Milliounen Euro annoncéiert hat. Et wier deemno nach Loft no uewen.

De Bausecteur wär an enger penibeler Situatioun. Dat géif d'Faillite vun der grousser Entreprise Cardoso weisen.
D'Salariéeë wiere wuel an anere Betriber ënnerkomm. Ma wann et där Faillitten awer méi ginn, géif ee riskéieren, déi Leit ze verléieren, warnt de Generalsekretär vum Groupement des Entrepreneurs. Déi Leit géif een am Grand-Duché onbedéngt brauchen. Um Bau hätte vill Leit e gewëssenen Alter. Mëttelfristeg géife sech vill Pensiounen annoncéieren. Dofir mussen nei, jonk Leit nokommen.

D'Acteuren aus dem Secteur géife sech druginn, d'Beruffer um Bau och fir déi Jonk nees méi attraktiv ze maachen. Et géife vill Formatiounen ugebuede ginn. Notamment ass den Ament och en neie Kollektivvertrag an der Maach. Heizou wollt de Pol Faber awer wéinst de Verhandlungen, déi grad lafen, keng Detailer ginn.

D'Propos vun der Chambre de Commerce, dass den Indexsystem sollt reforméiert gi fir maximal eng Tranche pro Joer zouzeloossen, ënnerstëtzt eisen Invité vun der Redaktioun zu 100 Prozent. Dat wier eng wichteg Mesure, fir de Betriber nees méi Stabilitéit ze ginn.

Dat neit Gesetz iwwer den abordabele Logement huet de Pol Faber dann och begréisst. Dat géif et den Entreprisen erlaben, bezuelbar Wunnenge fir hir Mataarbechter ze bauen. Och doduerch kéinte besser Konditioune geschaaft ginn, fir nei Mataarbechter unzezéien.

Vun enger neier Regierung fuerdert de Generalsekretär vum Groupement, dass d'Prozeduren iwwerschafft ginn, fir dass Projete méi séier kënnen ëmgesat ginn. Doriwwer eraus war et d'Propos, fir wéi an Däitschland den Zënstaux fir jonk Leit, déi en éischte Logement wëlle kafen, ze deckelen. Dat kéint duerch e Fong geschéien, aus deem de Rescht vun den Zënse kéinte bezuelt ginn, esou dass den Taux fir Éischt-Keefer op en niddregen Niveau kéint fixéiert ginn.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.