20 Joer Uni Lëtzebuerg: "Et ass eng Erfollegsgeschicht"
E Mëttwoch de Moie war de Rekter vun der Uni Lëtzebuerg den Invité an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Een abordabele Logement ze fannen, ass natierlech och e Problem fir Studenten op der Uni Lëtzebuerg. D'Uni selwer huet eng 1.000 Logementer an domadder géing een am internationale Vergläich am Mëttelfeld leien. Mä et wieren, duerch Bailen, déi verlängert goufen, just nach eng 400 Studentewunnenge fräi, fir ronn 800 Studenten, déi eng Demande gemaach hunn. Deenen, déi näischt kréien, géing een hëllefen, sou gutt et geet. Donieft géingen et konkret nei Projete ginn um Campus Belval, zu Esch an um Kierchbierg. Dës bräichten awer Zäit! Dat sot de Professer Jens Kreisel. De Rekter vun der Uni Lëtzebuerg war eisen Invité vun der Redaktioun.
Uni Lëtzebuerg ass attraktiv
De Manktem u Wunnenge géif der Attraktivitéit vun der Uni awer net schueden, well och am Ausland wier et schwéier, eng Studentewunneng ze fannen. Et géinge vill Facteure ginn, déi Studenten op Lëtzebuerg zéien. D'Uni Lëtzebuerg feiert jo dës Woch hir 20 Joer. Als jonk Universitéit hätt ee vill Virdeeler. Et hätt een en excellent Betreiungsverhältnis an a kuerzer Zäit wiere vill Excellenz-Beräicher opgebaut ginn. Och d'Zesummenaarbecht mam Staat an mat der Industrie an datt een excellent Personal géif unzéien, géif weisen, datt déi jonk Lëtzebuerger Uni e Succès wier.
Zu der Kritik vu ville Studenten, dass d'Verwaltunge vun der Uni schlecht organiséiert wieren, seet den Rekter, dass ee mat zu de gréissten Employeuren am Land géing gehéieren. 2.500 Leit schaffe fir d'Uni an natierlech kéint een do nach e puer Saachen verbesseren an et hätt een elo e neien Direkter fir d'Administratioun an d'Finanzen, deen de System nach eemol op de Leescht hëlt.
Visioune fir déi nächst Joren
Als eenzeg Universitéit am Land wier een och e strategescht Instrument vum Land an déi Roll géing een och unhuelen. An de nächste Jore wéilt een dofir d'Beräicher Gesondheet, Digitalisatioun a Nohaltegkeet ausbauen. Et wier awer wichteg, dat konkret ëmzesetzen. Zum Beispill wéilt een an der Ausbildung vun der Medezin an vun der Fleeg weiderkommen oder eng international Exzellenz an der Neurologie opbauen. Am Beräich vun der Digitalisatioun wéilt een hëllefen, national Initiativen am Beräich Cybersecurity mat opzebauen an dat nächst Joer géing ee Center for Digital Ethics grënnen. Donieft wéilt een och en neit Fuerschungszentrum am Beräich vun den Ëmwelt-Systemer grënnen.
D'Uni zitt héichspezialiséiert Leit an d'Land
Ëmmer nees gëtt d'Uni Lëtzebuerg als Wonnerléisung zitéiert, wann et ëm d'Penurie vun Dokteren, Fleegepersonal oder Enseignanten geet. Natierlech kéint hien als Rekter net vun Wonnerléisung schwätzen, mä hie wier iwwerzeegt, dass d'Uni e wichtegen Deel vun der Léisung ass. Et wier och ganz kloer d'Missioun vun der Uni, fir Leit op Lëtzebuerg ze zéien. Vun 1.000 Doktoranden op der Uni wiere just 10 bis 15 Prozent Lëtzebuerger. Duerno géingen awer ronn 50 bis 60 Prozent vun den Doktoranden am Land bleiwen, deemno géing ee 40 Prozent héichspezialiséiert Leit an d'Land bréngen, déi de Grand-Duché och wierklech braucht, sou den Rekter vun der Uni Lëtzebuerg.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.