Europa ass net méi sou naiv wéi fréier
Mat der Cheffin vun der Lëtzebuerger Vertriedung vun der EU-Kommissioun hu mer an eiser Emissioun "Invité vun der Redaktioun" diskutéiert.
Dir frot mech, ob eng Erweiderung vun der EU realistesch ass, an ech froe mech, ob mer eis et erlaben kënnen, Europa net ze verdéiwen. D'EU-Kommissiounspresidentin von der Leyen huet e Mëttwoch an hirer Lag zu der Unioun e klore Message ginn, fir Europa ze vervollstännegen. Dat sot d'Cheffin vun der Lëtzebuerger Vertriedung vun der EU-Kommissioun. D'Anne Calteux war eis Invitée vun der Redaktioun.
Europa hätt ee grousse geopoliteschen a strateegeschen Interêt, fir nei Länner an d'Unioun z'integréieren, well dës soss bei aner Puissancen, notamment Russland, géingen ofdreiwen. Et wier och eng Fro vun der Sécherheet. Donieft fënnt d'Invitée, dass een déi Länner och soll aktiv begleeden, fir hir Reformen an hir Wirtschaft weiderzedreiwen, fir dass se prett si fir Europa. Natierlech wier eng Adhesioun awer och ëmmer e Prozess. Déi Länner misste stabel Institutiounen hunn, eng Wirtschaft, déi fonctionéiert, an d'Rechtsstaatlechkeet wier och ganz wichteg. Do géing Europa keng Kompromësser maachen.
Am Moment lafe Gespréicher mat Moldawien, déi schonn de Kandidatestatus hunn a mat Länner vum West-Balkan: Serbien, Albanien, Bosnien-Herzegowina, Nord-Mazedonien a Montenegro.
War dëst just eng Walkampfried?
War dës Lag vun der Unioun eng Walkampfried vun der Ursula von der Leyen, déi schwiereg Froen net ugeschwat huet a just d'Succèsen opgelëscht huet? Dozou sot d'Anne Calteux, dass d'Kommissiounspresidentin wollt een Discours halen, deen d'Leit rassembléiert. Et si just nach 300 Deeg bis déi nächst Europawalen an dofir wier den Zesummenhalt immens wichteg. Dofir bräicht si och d'Europaparlament. Vun de 633 Propositioun, déi si am Ufank vun hirem Mandat opgestallt hat, hätt ee schonn immens vill Direktiven a Reglementer ugeholl, ronn 63 Prozent. Déi aner wieren an der Prozedur a missten also nach virubruecht ginn. An do wier och den Asyl- a Migratiounspakt derbäi, deen e Mëttwoch an der Ried zu Lag vun der EU net grouss thematiséiert gouf.
Ob d'Ursula vun der Leyen nach eemol dëse Posten iwwerhuele wëll, huet si net matgedeelt, allerdéngs géing sech d'Cheffin vun der Lëtzebuerger Vertriedung dat wënschen. Am Sënn vun der Kontinuitéit, sou d'Invitée.
E kloert Signal u China
D'Ursula vun der Leyen huet e Mëttwoch och annoncéiert, dass d'EU eng Enquête lancéiert, déi déi grouss chineesesch Subventioune fir Elektroautoe viséiert. Dat wier e kloert Signal u China. Europa wier net méi sou naiv wéi fréier, wou een ëmmer nach probéiert hätt, fein mat deene Länner ze sinn, déi eis net an d'Kaarte gespillt hunn. Elo wier d'EU vill méi assertiv, wéi all déi aner och. Déi Geo-ekologesch Rivalitéit wier eng Realitéit. An dat net just mat China, mä och mat Amerika. An do misst ee sech d'Moyene ginn, fir mat deene Puissancë kënne matzewierken.
Natierlech wieren och dat Soziaalt an d'Klimakris ëmmer nach wichteg Sujeten, un deenen een och géing schaffen. Do wiere vill Progrèse gemaach ginn, trotz de ganze Krise wéi de Covid, den Ukrain-Krich an d'Energie, an dat misst een hir héich urechnen, sou d'Anne Calteux.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.