Eng Flexibiliséierung, wéi d'DP se fuerdert, "wier op alle Fall een No-Go"
E Mëttwoch de Moie war d'Aarbechts- an d'Steierpolitik Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Mir hunn näischt matkritt, datt d'Regierung sech an de Sozialkonflikt bei der Cargolux agemëscht hätt. Au contraire... mir hunn eis an den éischten Deeg gewonnert, datt ee wärend dem Streik näischt vun der Politik héieren huet. Dat sot d'Nora Back e Mëttwoch de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun. De Sozialkonflikt wär geléist ginn, well d'Leit gestreikt hätten.
Leider wier et och sou, datt ee bei der Luxair viru groussen Onsécherheete géing stoen, bedauert d'Presidentin vum OGBL. Do leeft jo eng Ausschreiwung, wien de Cargo-Zenter iwwerhëlt. Déi 1.200 Luxair-Salariéeë géingen net berouegt ginn an et géing een Enn des Mounts e Protest-Piquet organiséieren, wann d'Situatioun sech net bessert.
Op d'Walprogrammer ugeschwat, sinn et dräi Parteien, d'Kommunisten, d'LSAP an déi Lénk, déi sech fir eng Aarbechtszäitverkierzung ausschwätzen. Dat ass e Fortschrëtt, fënnt d'Invitée. Mä an der Form an am Detail wéi dat soll geschéien, do wier ee sech net eens. Déi aner Parteie wieren all géint eng Verkierzung. "Dat mécht eis keng Freed", sou d'Nora Back. Eng Flexibiliséierung, wéi d'DP se fuerdert, wier op alle Fall een No-Go fir den OGBL. Salariéen a Patrone wären net op Aenhéicht an de Salarié lounofhängeg. Et bräicht een eng verbindlech Reegelung.
Och den Index ass eng rout Linn fir d'Gewerkschaft. Fokus an d'Piraten ënnerstëtzen eng Deckelung vum Index. Wann ee sozial Gerechtegkeet wéilt, da misst een eng besser Verdeelung maache vun de Profitter an eng besser Loungerechtegkeet an net um Index fréckelen, sou d'Invitée.
Wëll den OGBL ze vill an iwwerdreift? Dat wier net wouer. Et géing ëmmer nach vill ze verdeedege ginn a grad a Krisenzäite wieren et déi Leit, déi schaffen, déi am meeschte géinge leiden, an déif missten an de Portmonnie gräifen.
Den OGBL mécht iwwregens keng Walrecommandatioun fir oder géint eng Partei. Et géing een de Leit Recommandatioune gi par rapport zu den Inhalter. Virun 10 Joer gouf et nach den Opruff, d'CSV net ze wielen. Souwäit geet een dës Kéier net. Trotz schlechten Erfarunge mam Luc Frieden an deem senger Austeritéitspolitik. Dat hätt een net vergiess. Et hofft een op e Sinneswandel vum CSV-Spëtzekandidat, seet d'Nora Back, mä et wär een "halt virsiichteg".
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.