Ass de Risiko, datt d'Immobiliëblos platzt, geklommen? - "Nach net am Moment"
En Donneschdeg de Moie waren déi héich Zënsen an hiren Impakt op d'Kreditter Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Nodeems d'Zënsen iwwert ee Joer vu 0 op 4,5% geklomme sinn, ass den Zougank zu engem Prêt vill méi schwiereg ginn. Déi, déi e Prêt mat variabelen Taux hunn, deenen hir Mensualitéite sinn iwwerdeems zolidd geklommen. Trotz all deem ass de Risiko, datt d'Immobiliëblos platzt, net geklommen. "Nach net am Moment, nee", sou de Claude Marx en Donneschdeg de Moien hei op RTL. De Generaldirekter vun der Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz, der CSSF, sot 1,4% vun all den Immobiliëkreditter si "wackeleg". D'lescht Joer war een nach bei 1%. Bei den Iwwerbréckungskreditter sinn der 5% "schwiereg". De Claude Marx huet awer betount, datt all d'Iwwerbréckungskreditter 60 Milliounen Euro duerstellen. Wann een all d'Immobiliëkreditter hëlt, da wier ee bei 48 Milliarden Euro.
D'Iwwerbréckungskreditter (oder bridge loans) gi geholl, wa Leit eng nei Wunneng kafen, mee gläichzäiteg hir al Wunneng verkafen. An engem Artikel huet reporter.lu am August vun honnerte Stéit geschriwwen, deenen hir Mensualitéite sech verdräi- oder souguer vervéierfacht hunn. De Claude Marx sot hie wéisst, datt et fir vill Leit net "ze stemmen" ass, wann d'Mensualitéiten esou eropginn. Mee am Prinzip misst ee bei esou Prête sech dem Risiko bewosst sinn an "am Hannerkapp behalen", datt een zwee Kreditter gläichzäiteg muss zeréckbezuelen.
Un den Zënsen kënne weder de Staat oder d'Politik, nach d'Banke selwer eppes änneren, sou nach de Claude Marx. De Leetzëns gëtt vun der Europäescher Zentralbank festgeluecht an d'Banke mussen och Riskomargen hunn. Trotzdeem géingen d'Banken dem CSSF-Chef no hire Clienten entgéintkommen, notamment andeems d'Prête verlängert oder gestreckt ginn. De Claude Marx war en Donneschdeg de Moien och net der Meenung, datt d'Leit virun den Zënshausse schlecht berode gi wieren, wa se en Taux variable ugebuede kruten. Dat geséich een dorunner, datt aktuell 60% vun de Prête mat Taux fixe sinn.
Op de Virworf ugeschwat, datt d'Banke vun den Autoritéite virgeschriwwe kruten, méi eege Kapital mussen ze bréngen, fir e Prêt ze kréien, huet de Claude Marx als éischt drun erënnert, datt ee fir déi éischt Wunneng dat nach ëmmer net muss maachen. Hien huet och rappelléiert, datt an der Vergaangenheet Clienten en Drëttel eege Kapital hu missen selwer op den Dësch leeën. De Problem, fir Immobiliëkreditter ze kréien, wier a sengen Ae net dowéinst an och net just wéinst den Zënsen, mee virun allem, well d'Präisser vun de Wunnengen esou vill méi deier gi sinn.
Evaluatioun vum Gafi
An der Lutte géint de Blanchiment ass Lëtzebuerg, am Géigesaz zu 2010, gréisstendeels konform mat de Reegelen, mee et gëtt nach Manktem bei de Moyenen, fir z'enquêtéieren. Esou kann een déi lescht Rapporte vun der Evaluatioun vum Gafi, deen d'nächst Woch wäert publizéiert ginn, graff resuméieren. De Claude Marx confirméiert, datt Lëtzebuerg éischter eng positiv Nott kréich, wat de legale Kader ugeet. Am Rapport vum Grupp vun Experte vum Conseil de l'Europe wäerten awer och puer Verbesserungsméiglechkeeten opgeworf ginn, esou de Generaldirekter vun der CSSF. A sengen Ae wieren d'Leit vun der Police, vun der Cellule de Renseignement financier vum Parquet oder nach d'Untersuchungsriichter "ganz motivéiert", mee et kéint een do nach "opstocken".
CSSF ze streng?
Op Kritik, déi ee mol op de Finanzplaz héiert, datt d'CSSF mol ze streng oder mol ze lues wier, huet de Claude Marx esou geäntwert : "Mir hunn all Intérêt fir eng sérieux Aarbecht ze maachen ". Grouss Haiser géingen eng Plaz sichen, déi seriö kontrolléiert géinge ginn. D'Kontroll wier a sengen Ae och net d'Ursaach, firwat verschidde Fonge léiwer an Irland ginn.
Et géing Konkurrenz-Zentre ginn ewéi Irland, jo. Mee firwat ETS (exchange-traded funds) dohinner ginn, wier, well Irland an deem Beräich ee méi favorabelen Traité vun net-duebeler Besteierung mat den USA hätt. Am Beräich vun den alternative Fongen wier Lëtzebuerg awer weiderhin "attraktiv", esou de Claude Marx.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.