E Freideg waren d'Steierreform an den Index Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Am Walkampf gi vill steierlech Versprieche gemaach, fir d’Wieler ze verféieren. Déi Versprieche kaschten awer eppes an Iddie vu verschiddene Parteien, fir dat géigenzefinanzéieren, werfe Froen op. Dat huet den Direkter vun der Chambre de Commerce, de Carlo Thelen, e Freideg de Moien hei op RTL erkläert.

Invité vun der Redaktioun: Carlo Thelen

D’CSV wëll d’Steiere fir jiddereen erofsetzen, d’Regierungsparteie wëlle méi geziilt d’Leit entlaaschten. Bis wéi vill Revenu ass et raisonnabel, de Leit méi Kafkraaft ze ginn? De Carlo Thelen sot d’Chambre de Commerce géing do "keng konkret Ausso" maachen. Hie sot awer méi Kafkraaft wier u sech gutt fir de Commerce. Par konter misst ee bedenken, datt e groussen Deel vun der Kafkraaft an d’Ausland geet an deemno net vill zum PIB bäidréit. Donieft wier d’Kafkraaft – mat Ausnam vum Beräich Logement - déi läscht Jore gestäerkt ginn a méi Kafkraaft géing d’Inflatioun och nees an d’Luucht dreiwen, sou de Carlo Thelen.

Datt d’Betriber och d’Inflatioun undreiwen, andeems se d’Präisser an d’Luucht setzen, dat huet de Carlo Thelen relativiséiert. Betriber, besonnesch déi, déi exportéieren, kéinten den Index zum Beispill net ganz op hir Präisser ofwälzen. Am Moment géing d’Rentabilitéit vun de Betriber zeréckgoen. Dem Direkter vun der Chambre de Commerce no misst et an enger Steierreform e "Mix" ginn. D’Betriber dierf een net vergiessen, déi – sou de Carlo Thelen – méi Steiere bezuelen ewéi am Ausland: wann een den IRC, d’lokal Gewerbesteier an d’Solidaritéitssteier zesummenhëlt, da kéim een op 25%. A sengen Ae misst déi nächst Regierung d’Betribsbesteierung op den europäesche Median erofgoen, an zwar 21%.

Vun enger Besteierung vu grouss Verméigen, ewéi d’LSAP an déi Gréng notamment proposéieren, hält de Carlo Thelen näischt, well dat a sengen Aen näischt géing erabréngen. D’Verméigenssteier déi Betriber bezuele bréngt awer 800 Milliounen Euro eran, huet hie méi wäit gesot. Ma déi Sue géingen de Betriber fir Investissementer feelen. Ass hien dann d’accord, datt Kapital manner besteiert gëtt, ewéi Aarbecht? Hie sot nach emol et misst e "gesonde Mix" sinn an et dierft een net den internationale Kontext vergiessen.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.