E Méindeg de Moie war d'Kafkraaft Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

"Hannert de Moyennen, do verstoppt sech natierlech ganz vill". Esou huet den Direkter vun der Chambre des salariés, de Sylvain Hoffmann d’Evolutioun vun der Kafkraaft e Méindeg de Moien hei op RTL kommentéiert. Wéi mir bericht hunn geet aus Statec Berechnungen ënnert anerem ervir, datt d’Kafkraaft iwwert déi lescht 4 Joer pro Kapp am Duerchschnëtt ëm 1.839 Euro geklommen ass.

De Sylvain Hoffmann huet erkläert, datt et grouss Ënnerscheeder gëtt tëscht de Stéit. An de verschiddenen Akommes-Kategorien hätten déi eng méi bäikritt an déi aner manner. Donieft hätt sech d'Konsumverhalen iwwert d’Jore verännert: viru puer Joer hunn d'Leit méi Sue fir Kleeder ausginn, du méi fir d’Gesondheet. De Sylvain Hoffmann huet och den Ënnerscheed gemaach tëscht Leit, déi en Auto hunn an déi, déi keen hunn an deemno mam Index ongläich kompenséiert ginn. An de Logement ass natierlech vill méi deier ginn ewéi d’Kafkraaft geklommen ass. Den Direkter vun der Chambre des salariés huet dofir plädéiert, datt ee soll méi "Cas-Typen" betruechten wa Berechnunge gemaach ginn oder Mesuren decidéiert ginn.

D'Zuele vum Statec weisen och, datt d'Akommes, dat d'Leit zur Verfügung hunn, geklommen ass, well iwwert den Index eraus d'Paien zum Beispill duerch Kollektivverträg geklomme sinn. De Sylvain Hoffmann sot och e Méindeg de Moien: Den Index ass net do, fir d'Kafkraaft ze stäerken, mee just d'Inflatioun ze kompenséieren. Hien huet rappelléiert, datt den Index och puer Mol manipuléiert gouf an datt am Wuerekuerf zum Beispill de Logement nëmmen zu 16% berécksiichtegt gëtt. Am Ausland géing dat méi gekuckt ginn, mee zu Lëtzebuerg wier een do nach an de "Kannerschong".

Fir datt den Index och richteg gräift, misst och d'Steiertabell un d'Präisdeierecht ugepasst ginn. Dem Sylvain Hoffmann an der Chambre des salariés no soll de Barème bis zu engem Brutto-Revenu vun 125.000 Euro d'Joer erliichtert ginn. D'Chambre des salariés setzt sech awer fir ee méi breede "Réajecement" vum Barème an, mat méi héije Spëtzesteiersätz fir grouss Revenuen. D'Propos vun der CSV fir bis 500.000 Euro Brutto d'Joer z'entlaaschten a just en neie Spëtzesteiersaz vun 43% vun do un anzeféieren, wier dem Sylvain Hoffmann no reng "symbolesch". Wann een nämlech ënnen am Barème Entlaaschtunge mécht, da profitéieren och déi grouss Revenuen dovunner.

Fir un d'Ongläichheeten ze goen, misst een a sengen Ae och d’Kapital nees méi besteieren. De Sylvain Hoffmann huet op en neie Rapport vun der OECD higewisen. Dee weist, datt Lëtzebuerg mat deen ongerechtste System op der Welt huet, just hannert dem Chile. D'Warnung vun CSV an DP, datt méi Kapitalbesteierung der Wirtschaft kéint schueden, huet hien net gëlle gelooss: Irland géing d'Kapital um Beispill méi besteieren.

Invité vun der Redaktioun: Sylvain Hoffmann

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.