ADHS: 3 bis 6 % vun de Kanner a Jonke si betraff
Den Oktober ass den internationale Mount vum ADHS. Dat ass eng psychesch Stéierung, en Opmierksamkeetsdefizit, respektiv eng Hyperaktivitéitsstéierung.
Wann e Kand net konzentréiert, frustréiert oder hyperaktiv ass a staark dorënner ze leiden huet, kéint et ADHS sinn. Dat sot d'Cathy Mangen am RTL-Interview e Mëttwoch de Moien. Si ass Direktesch vum SCAP, engem Berodungs- an Hëllefs-Service fir Kanner a Jonker, déi Problemer mat Opmierksamkeet, Perceptioun a Motorik hunn.
Et gëtt vill preventiv a multimodal geschafft beim SCAP. Dat zesumme mat den Elteren an den Enseignante vun de Kanner. Net all Kand, dat mol Konzentratiouns- oder Frustratiounsproblemer huet, ass concernéiert. 3 bis 6 % vun de Jonke si vun ADHS betraff. Am Duerchschnëtt huet all Enseignant zwee sou Kanner an der Klass.
Medikamenter ginn dacks verdäiwelt, sinn awer net ëmmer néideg. Héchstens bei der Hallschent vun den diagnostizéierte Fäll géife se gebraucht, ënnersträicht d'Cathy Mangen. Si kënnen dann awer wierklech beim Leidensdrock hëllefen. Gläichzäiteg sollt awer och eng Therapie gemaach ginn.
Den SCAP kritt bis zu 500 nei Demande pro Joer eran, deenen de Service awer net all kann nokommen. Déi 30 Leit Personal géingen dofir net duer goen. Dowéinst kéim et zu längere Waardezäiten. Eng Therapie dauert an der Moyenne ee bis zwee Joer. ADHS ass keng Moudekrankheet, et gouf se schonn ëmmer. Et kennt ee villäicht d’Geschichten aus dem Struwwelpéiter "Zappelphilipp" oder "Hans Guck-in-die-Luft".
Den SCAP fënnt een zu Leideleng, mat Büroen och zu Housen an zu Esch.