Vertrieder vun de gewielte Parteien um Dag no de Walen
Wat ass vum Walowend zréckzebehalen? Ënnert anerem doriwwer goung et tëscht 8 an 9 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg.
CSV huet nach net tëscht DP an LSAP entscheet
D'CSV kënnt de Méindeg den Owend zesummen, fir ze decidéieren, ewéi et weidergeet, sou d'Elisabeth Margue an der grousser Ronn de Méindeg de Moien hei op RTL. D'CSV-Co-Presidentin wollt nach net soen, ob een als éischt mat der DP, déi jo 14 Sëtz huet, oder mat der LSAP géing schwätzen, déi der just 11 huet. Den LSAP-Co-President Dan Biancalana huet dat relativiséiert, well seng Partei a Prozenter nach virun der DP wier. Den DP-President Lex Delles huet awer betount, datt de Xavier Bettel de beschte Score gemaach huet a seng Partei no der CSV am meeschte Sëtzer huet. Souwuel d'Vertrieder vun CSV, DP an LSAP wollte sech och net an d'Kaarte kucke loossen, wat eventuell Ministerposten ugeet a soten, als éischt géingen d'Parteigremie consultéiert an d'Inhalter analyséiert ginn.
De Co-President vun déi Gréng, de Meris Sehovic, sot: "et sinn anerer um Zuch" an huet domadder eng eventuell 4er-Koalitioun ausgeschloss. Op d'Fro, ob déi Gréng wéilte sech mat déi Lénk an engem parlamentaresche Groupe technique zesummendoen, sote souwuel de Meris Sehovic, ewéi de Spriecher vun déi Lénk, de Gary Diderich, datt een dat kéint kucken. Den ADR-President Fred Keup dann huet sech bestätegt gefillt, datt d'Wieler méi senger Partei Recht ginn ewéi deene Gréngen. Datt d'ADR net mat an eng Verantwortung kënnt, dat wier "ok" an hien hätt Gedold. Den neien Deputéierte vun de Piraten, de Ben Polidori, huet et änlech ausgedréckt: et géing een elo "step by step" virgoen, also Schrëtt fir Schrëtt. Motivéiert wieren och déi Lénk mat zwee Sëtzer, sou de Gary Diderich, deen och insistéiert huet, datt een um Rotatiounsprinzip géing festhalen.
Méi spéit an der Sendung hunn d'Presidente vun CSV, DP an LSAP d'Suerg vun déi Gréng net gedeelt, datt d'Klimapolitik elo géing zeréckgefuer ginn an hu sech zu de Klimaziler bekannt. D'Elisabeth Margue sot awer, et misst méiglech sinn, d'Klimapolitik och ze kritiséieren, ouni d'Ziler a Fro ze stellen. De Lex Delles huet och op eenzel Adaptatiounen higewisen, déi am DP-Walprogramm stinn. Den Dan Biancalana sot, bei deem Thema géing et eng Komplexitéit ginn, genee esou wéi bei de Steieren. De Lex Delles huet a Saache Familljepolitik a Bildung gesot, d'DP wéilt dat, wat gemaach gouf, erhalen. Iwwer Ministerposte war näischt aus den Invitéen erauszekréien.
Guer net eens ware sech de Fred Keup an de Gary Diderich an der Fro vum Wuesstem. Den ADR-President sot, Klimaschutz a Croissance kéint een net ënnert een Hutt kréien, iwwerdeems de Spriecher vun déi Lénk sot, et wier eng Fro vun ewéi een urbaniséiert. Klimaschutz a sozial Gerechtegkeet wieren a sengen Aen de Schlëssel, mee fir de Fred Keup wieren dat "Detailer" an et géing net goen.
Och de Lex Delles huet dann d'Analys vun déi Gréng gedeelt, datt et e Rietsruck gouf bei dëse Walen. Op d'mannst huet den DP-President d'ADR viséiert. De Fred Keup gouf ënnert anerem domadder confrontéiert, datt den ADR-Vizepresident Dan Hardy e Symbol als Profilbild op Whatsapp hat, dat hautzedaags vu Conspirationisten a Reichsbürger gedeelt gëtt. De Fred Keup huet seng Ausso, déi hien um 100,7 virun de Wale gemaach huet, bei eis widderholl: déi Virwërf sinn him "Wurscht" an a sengen Aen de Wieler och.
Eis Invitéen








Gary Diderich - Déi Lénk
Fred Keup - ADR
Elisabeth Margue - CSV
Meris Sehovic - Déi Gréng
Lex Delles - DP
Ben Polidori - Piraten
Dan Biancalana - LSAP