En Dënschdeg de Moie war d'Presidentin vum OGBL eis Invitée vun der Redaktioun.

D'Walprogrammer vun CSV an DP loossen dorop schléissen, datt si net déi nämmlecht Visioun hu wéi den OGBL, iwwert wéi d’Gesellschaft soll funktionéieren. Dat sot d'Presidentin vum OGBL, d’Nora Back um Dënschdeg de Moien hei op RTL.

"Hei hu mer zwou Parteien um Rudder, déi konservativ a liberal sinn", sou d’Nora Back. Si mengt et géing virun allem beim Aarbechtsrecht eng grouss Erausfuerderung op d'Salariéen duerkommen: zum Beispill wier eng Reform vum Kollektivvertragsgesetz néideg, mee doriwwer hätte sech déi zwou Parteien awer net wierklech positionéiert. Sech eleng op EU-Direktiven ze verloossen, géing net duergoen, well Lëtzebuerg dann ëmmer just de Minimum géing ëmsetzen. Suerge maachen dem OGBL och d’Positioune vun der CSV an DP, wat d’Aarbechtszäit an d’Flexibiliséierung dovunner ugeet.

Am Koalitiounsaccord missten eng Rei Theme prioriséiert ginn. Den Ëmweltschutz zum Beispill dierft ouni Bedeelegung vun der grénger Partei net vergiess ginn. Wat de Logement ugeet, huet d'Nora Back e Revirement an am DP-Programm begréisst: de "Wiener Modell" mat méi staatleche Wunnenge wier dra virgesinn. D'Fro wier elo, wéi d’DP mat der CSV hir Logementspolitik wäert maachen. D’Steiervirdeeler fir Investisseuren, déi d’CSV wëll, verwerft den OGBL nämlech, well déi d’Präisspiral undreiwe géingen. Et wéilt ee sech wann néideg och op der Strooss dofir asetzen.

Déi aner Propose vun der CSV an der Steierpolitik gesäit d'Nora Back dann als onrealistesch, dat wier net ëmzesetzen. D’OGBL-Presidentin war an ass der Meenung, datt eng méi gerecht Besteierung néideg ass. Déi geséich esou aus: déi méi niddreg Léin misste besonnesch entlaascht ginn, d’Mëttelschicht och, mee op der anerer Säit missten déi héisch Revenuen a grouss Verméige méi besteiert ginn. Si huet präziséiert Multiproprietären an net “normal Stierflecher”, déi hir eege Wunneng besëtzen oder nach eng zweet ierwen.  Mat enger CSV-DP-Regierung géing déi Steiergerechtegkeet awer sécher net kommen, huet si bedauert.

Wat d’LSAP ugeet, déi elo fir d’éischt no 20 Joer an d’Oppositioun kéint goen, sot d’Nora Back: "mir hoffen elo, datt all déi lénk Kräft an der Oppositioun sech bündelen". Ma déi stäerksten Oppositioun – esou d'Presidentin - dat wier awer ëmmer nach den OGBL. D’Nora Back huet iwwerdeems d’CSV an DP opgeruff d'Sozialpartner bei de Koalitiounsverhandlungen ze consultéieren, sou ewéi dat déi lescht zwou Kéiere gemaach gouf.

Invité vun der Redaktioun: Nora Back

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.