Klima- a Biodiversitéitsschutz gehéieren an de Koalitiounsaccord
E Mëttwoch de Moie war den Ëmwelt- a Klimaschutz mat Bléck op déi nei Regierung eist Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Geréit d’Klimapolitik mat CSV an DP ënnert d’Rieder oder stellt et eng Chance fir frësche Wand duer? Béid Parteien hunn am Walkampf souwuel de Klimaschutz, wéi och de Biodiversitéitsschutz thematiséiert, a mir erwaarden eis och elo, dass béid Theme konkret an de Koalitiounsprogramm mat afléissen. Dat sot d’Blanche Weber e Mëttwoch de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun. D’Presidentin vum Mouvement Écologique fënnt d'Versprieche vun der DP am Walprogramm méi konkret an eng Basis op déi ee kéint opbauen. D'CSV hätt méi allgemeng Propositioune gemaach an de Luc Frieden hätt och méi wéi eng Kéier dovunner geschwat, dass een elo méi Wuesstem géing brauchen an dat gesäit d'Ëmweltschutzorganisatioun ganz skeptesch. Den Echec vun de Grénge wollt d‘Blanche Weber net kommentéieren an huet ënnerstrach, dass de MouvEco partei-politesch neutral ass. Wichteg fir si wier am Endeffekt, dass all Partei wärend der Campagne d'Ekologie um Hutt stoen hat, ausser d'ADR.
Kontraproduktiv an absurd Mesuren ofschafen
Et wier elo de Rôle vun der Zivilgesellschaft, fir anzekloen, dass Changementer kommen. Um Niveau vum "Akloen" wier een awer nach net. Et wéilt ee sech elo emol fir d'éischt an d'Diskussioune fir ee Koalitiounsaccord abréngen, präziséiert d'Invitée. Fakt wier, dass eppes zu Lëtzebuerg muss änneren. Onendleche Wuesstem op engem endleche Planéit wier net dran. Et bräicht virop e Konsens, dass een de Sozialsystem manner ofhängeg vum Wuesstem mécht. An hiren Aen wier dat Wichtegst, dass Absurditéiten ofgeschaaft ginn. De Staatsbudget misst duerchgekuckt ginn op kontraproduktiv Subsiden, déi d'Bio- an d'Diversitéitskris nach weider ufeieren. Zum Beispill steierlech Virdeeler fir Déngschtween, Subsiden an der Landwirtschaft oder falsch Steiererliichterunge wéi d'Pestizidesteier. Donieft bräicht een eng Steierreform, bei där d'Kapital an den Ëmweltverbrauch méi an d'Aarbecht manner besteiert gëtt. Weider dann och méi sozial Gerechtegkeet an der ekologescher Transitioun.
Ëmmer weider Stroossen bauen, ass iwwregens eng rout Linn fir de Mouvement Écologique. Déi absolut Prioritéit misst um ëffentlechen Transport leien.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.