Et géing d'Caritas positiv stëmmen, dass d'Bekämpfung vun der Aarmut eng Top-Prioritéit vun der nächster Regierung soll sinn.

Dat obwuel de Sujet am Walkampf kaum eng Roll gespillt hätt, sot d'Porte-Parole vun der Caritas en Donneschdeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun. Virun allem wier ee frou, dass een elo thematesch géing un d'Problemer erugoen an dann eréischt kucke géif, wéi een dat ënner Ministèren verdeelt, sou d‘Carole Reckinger. Donieft wier et positiv, dass et an engem 2-er Format net souvill "Gestéckels" tëscht de verschiddene Parteien a verschiddene Ministère géing ginn.

Invité vun der Redaktioun: Carole Reckinger

Hëllefen an d'Luucht setzen an administrativ vereinfachen

Zwee grouss Sujete misste fir d’Caritas an de Koalitiounsaccord stoen kommen : Engersäits e finanzielle Volet, anerersäits e strukturelle Volet. Finanziell bräicht et konkret e Budget fir Problemléisungen, also e Budget fir d’Aarmut unzegoen. Do kéint ee sech un der Entwécklungskooperatioun inspiréieren, déi e gewësse Prozentsaz vum Bruttoinlandprodukt als Budget kritt. Donieft missten d‘Hëllefen an d‘Luucht gesat ginn, well se absolut net duer ginn an et missten och méi Leit een Urecht drop hunn, fir dës Aiden unzefroen. Derbäi kéim, dass et administrativ méi einfach misst gemaach ginn, Hëllefen unzefroen. Aktuell misst all Aide eenzel ugefrot ginn an och all Kéiers op en Neits mat all den nämmlechten Dokumenter. Dat wier alles zimmlech bürokratesch, sou d‘Invitée.

Zesummen d'Aarmut bekämpfen an net all Ministère fir sech

Wat d‘strukturell Hëllefen ugeet, misst een ewech vum Silo-Denken vun de Ministèren kommen. D‘Aarmut wier multifaktoriell an et géing net just e Familljeministère concernéieren, mee och e Santé- an Logementsministère. Et misst also zesummegeschafft an transversal geduecht ginn. Lëtzebuerg ass op Plaz 1 vun de Länner an der Eurozon wou Leit, déi schaffe ginn, net iwwer d‘Ronne kommen, also bei de sougenannte "working poor". Do kéinte ganz vill legislativ Mesurë geholl ginn. Zum Beispill de Mindestloun an d‘Luucht setzen oder Verbesserunge fir Mënschen, déi fir Plattform-Firme schaffen. Dat s Leit, déi an enger Schäin-Selbststännegkeet an dofir an engem legislative Vide sinn. Dës schaffen zum Beispill fir Iessens-Liwwerdéngschter an hunn awer keng normal Aarbechtsrechter. Si liewen dacks op der Strooss, respektiv schlofen an hirem Auto, well se net genuch verdéngen, fir iwwert d‘Ronnen ze kommen.

Rout Linnen hätt d‘Caritas iwwerdeems keng, mee et wiere genuch där rouder Linnen an de leschten Joren iwwerschratt ginn, wann zum Beispill Famillje mat Kanner op d‘Strooss gesat ginn, sou d‘Carole Reckinger.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.