Atomenergie op d'mannst als Brécke-Léisung unhuelen
E Méindeg de Moie waren d'Koalitiounsverhandlungen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Et sinn elo zwou Parteien a Koalitiounsverhandlungen, déi programmatesch à priori méi no beim Patronat si wéi anerer, déi zum Beispill eng Aarbechtszäitverkierzung wollten ëmsetzen. Et kéim awer och net eleng op d'Faarwen un, mee in fine op e Programm. An op d'Expertise an den Engagement vun de Leit, déi de Programm ëmsetzen.
Dat sot de René Winkin e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Den Direkter vun der Industrielle-Federatioun FEDIL huet erkläert, dass ee sech an der Vergaangenheet an der Industriepolitik bei auslänneschen Investisseure blaméiert hätt. Déi eng wollte Betriber op Lëtzebuerg kréien, déi aner Regierungspartner wollten dat verhënneren. Dat hätt dem Image vum Land geschuet. Allerdéngs hätt een op aneren Dossieren, wéi der Dekarboniséierung, och gutt zesummegeschafft, relativéiert de Invité.
Méi Koherenz tëscht Ëmweltschutz an Industriepolitik
Elo misst ee wéi gesot no vir kucken. E Méindeg ass d‘FEDIL mat der Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen zu Senneng invitéiert, fir de Koalitiounspartner hir Fuerderungen duerzeleeën. Virop bräicht et do eng besser Koherenz tëscht Industriepolitik an Ëmweltschutz.
Grad an den Aktivitéitszonen, déi fir Betriber virgesi sinn, kéint et net sinn, dass een do misst kompenséieren, fir de Rescht vun der Industriezone kënnen ze notzen, sou wéi de Wirtschaftsminister Franz Fayot dat virgesinn hat. Wann schonn eng Naturschutzorganisatioun wéi de Mouvement Écologique géing soen, dass deels iwwerdriwwe gouf, da géing dat jo weisen, dass an dem Beräich eppes schif gelaf ass, sou den Invité.
Atomstroum als Brécke-Léisung asetzen
E weidere wichtege Sujet fir d‘FEDIL sinn och d‘Energiepräisser fir Industrie-Betriber. Lëtzebuerg hätt eng Rei strategesch wichteg Betriber fir Europa, well se Zouliwwerer si fir Ëmwelttechnologien oder digital Technologien. Dës wieren awer zum Deel ganz Energie-intensiv. Se wieren elo gequëtscht a géinge carrement riskéieren z‘erstécken tëscht de Maartpräisser an Europa an dem, wat hir Konkurrenten an Asien an an den USA hunn. Dofir fuerdert d‘FEDIL, dass d‘Regierung sech zu Bréissel asetzt, fir dass 2024 nach eemol selektiv Aidë fir Betriber kënne spillen.
Donieft misst ee sech d‘Fro stellen, ob et net eng strukturell Ännerung um Energiemaart bräicht, fir dass de Standuert Lëtzebuerg ka kompetitiv bleiwen. A Frankräich an an der Belsch géing de Betriber de méi bëllegen Atomstroum ze gutt kommen an an Däitschland géing een iwwerleeën, fir dat selwecht mam Kuele-Stroum ze maachen.
Lëtzebuerg hätt zwou Méiglechkeeten. Entweder mir géingen nokucken, wéi eis Nopeschlänner hir Industrien ënnerstëtzen a Lëtzebuerg doduerch Industrië wäert verléieren. Oder mir géingen no Partenariater sichen. Mat Däitschland fir Kuele-Stroum oder mat Frankräich fir Atomstroum. Erneierbar Energië géingen aktuell nach net de Bedarf decken an dofir misst een d‘Atomenergie op d‘mannst als Brécke-Léisung unhuelen, sou den Invité.
Rout Linne wollt de René Winkin keng un d'Adress vun der nächster Regierung riichten. Ma Ideologie dierft engem gewësse Pragmatismus net am Wee stoen, sou den Direkter vun der Industriellefederatioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.