"Mir wäerten de Stachel sinn am Hënneschte vun der Regierung"
En Dënschdeg de Moie ware Sondagen a Walresultater Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"Mir wäerten de Stachel sinn am Hënneschte vun der Regierung, déi dee Stachel och brauch". Esou huet de Sven Clement d'Oppositiounsaarbecht, déi seng Piratepartei wäert maachen, am RTL-Interview um Dënschdeg de Muere beschriwwen.
Et géif een déi nächst Regierung un Transparenz erënneren an dorunner, datt se d'Politik zesumme mat a fir d'Leit misst maachen.
Hien huet och widderholl, datt hie mengt, datt et eng Regierung vun der sozialer Keelt wäert ginn, wou räich nach méi räich an aarm nach méi aarm wäert ginn.
Mat Bléck op déi nei Zesummesetzung vun der Chamber, erwaart sech de Sven Clement e méi kämpfereschen Debat.
D'Pirate kruten ee Setz bäi, op elo 3. Bis zu 7 goufen deels virausgesot, ma 5 wieren éischter realistesch gewiescht, esou de Sven Clement, deen och ënnersträicht, datt een dat nationaalt Resultat bësse misst nuancéieren. An 3 Walbezierker hätt een nämlech kënnen zouleeën.
De Spëtzekandidat vun de Piraten am Osten, den Daniel Frères, hätt iwwerdeems d'Konsequenzen aus sengem schlechte Walresultat gezunn. Hie wéilt national keng Roll méi fir d'Pirate spillen, der Partei awer op kommunalem Plang erhale bleiwen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.