E Mëttwoch de Moie war d'Gesondheetsversuergung Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Den neien CHL, deen 2028 um Site vun der aler Maternité soll opgoen, gëtt ultramodern. E Spidol mat neisten Techniken, mat engem IRM am OP-Sall a méi Better. Dat sot d'Dr. Martine Goergen am RTL-Interview e Mëttwoch de Moien. Si ass Chirurgin, aktuell medezinesch Direktesch am CHL a vu Mäerz 2024 un d'Generaldirektesch vum Stater Centre Hospitalier, zu deem och d'Maternité, d'Kannerklinik an d'Spidol zu Eech gehéieren.

Fir 2035 wier och eng nei Kannerklinik geplangt. Wou dës hikomme soll a wéi grouss se soll ginn, misst awer nach genee definéiert ginn. Idealerweis wier se nieft der Maternité.

Generell hätte mir hei zu Lëtzebuerg e gudde Gesondheetssystem. Och wann en dacks géing schlecht geschwat ginn. D'Infrastrukture wieren deels ze kleng an d'Populatioun ass gewuess. Mä et wier scho vill geschitt an et géing nach verbessert ginn, sou datt d'Waardezäite weider erof wäerte goen.

D’Demanden no IRMe wiere grouss. Aktuell hu mer 12 Apparater an et géif nach nogebessert ginn. Och bei de Mammografië waart een deels laang op e Rendez-vous fir eng Kontroll zum Beispill. Wann awer de Gynekolog géing dréngend e Rendez-vous froen, hätt een dee bannent enger Woch.

Wichteg wier och d'Médecine primaire, d'Dokteren an d'Maisons-médicallen ze stäerken. En Hausdokter misst preventiv schaffen, sou datt d'Leit net fir kleng "Bobologien" an d'Urgence ginn an dës esou kéinten entlaascht ginn.

Et feele jo Dokteren a Fleegepersonal. Nach géif et goen, seet d'Dr. Goergen. D'Soignantë sinn zu engem gudden Deel Frontalieren. D'Dokteren aus dem Ausland géifen dacks wéinst dem Salaire op Lëtzebuerg kommen. Déi nei Generatioun Doktere géif awer net méi wéi fréier wëlle schaffen. Si wéilte méi Liewensqualitéit a méi Flexibilitéit. Als Patron misst een do attraktiv sinn. Dat wär méi wichteg wéi d’Pai.

Ugeschwat op déi zukünfteg Regierung, sot d’Dr. Goergen, datt sécherlech méi eng liberal Gesondheetspolitik géif kommen. Hirer Meenung no misste - wéi et aktuell ass - déi ambulant Zentre wéi de Potaschbierg zum Beispill, deen zum CHL gehéiert, un e Spidol gekoppelt sinn. Och fir op déi Doktere kënnen zréck ze gräifen, fir Garden ze maachen an esou e 24 Stonne Service z’assuréieren. Zu engem "Wildwuchs" dierft et net kommen.

Invité vun der Redaktioun: Dr. Martine Goergen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.