En Donneschdeg de Moie waren d'Handwierk an de Bausecteur Sujeten an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

"Et kann net esou weider goen ewéi bis elo, d’Weiche fir d’Zukunft musse gestallt ginn". Dat huet den Direkter vun der Handwierkerkummer en Donneschdeg de Moien hei op RTL deklaréiert. Den Tom Wirion huet hei op der Antenn widderholl, wat d’Patronatsvertrieder e Méindeg den CSV- an DP-Koalitiounsdelegatiounen am Sennenger Schlass soten.

Den Tom Wirion huet d’Problemer opgelëscht: de Manktem u Wunnengen, de Manktem un Aarbechtskraaft, d’Staatsfinanzen oder nach de Pensiounssystem. Dat alles an enger schwiereger wirtschaftlecher Situatioun a vun der geopolitescher Situatioun guer net ze schwätzen.

Am Interview mam Direkter vun der Chambre des métiers hu mir e puer vun deenen Erausfuerderungen erausgepickt: Wat de Manktem u Main d’oeuvre ugeet, dierf eng Aarbechtszäitverkierzung kee Sujet sinn, sou den Tom Wirion: Lëtzebuerg wier do schonn attraktiv par rapport zum Ausland.

Misst de Staat och manner astellen, fir dem Private méi Leit ze loossen? Hie sot engersäits bräicht een e staarke Staat, mee et kéint een kucken, ob een net kéint méi effizient sinn zum Beispill duerch d’Digitalisatioun. Well zu Lëtzebuerg géing 1 vun 3 neien Aarbechtsplaze beim Staat geschaaft ginn an déi géingen effektiv am Private feelen.

Wat d’Logements- a Baukris ugeet, huet den Direkter vun der Handwierkerkummer als laangfristeg Mesuren déi administratif Vereinfachunge genannt. Kuerzfristeg misst dem Tom Wirion no awer och de Marché nees ugekuerbelt ginn. D’Patronat proposéiert, datt d’TVA beim Bau vu Lokatiounswunnengen op 5% erofgesat gëtt.

Donieft misst den Amortissement acceleré - steierleche Virdeel fir Investisseuren an de Locatif - nees zeréck kommen, ewéi e viru puer Joer war. Den Tom Wirion huet awer betount: déi "staark Mesuren" missten zäitlech limitéiert sinn.

D'Ekonomie an d’Staatsfinanze si schlecht drun. Wann ee misst de Choix huelen, misst een d’Investissementer prioriséieren an déi an d’Zukunft favoriséieren, esou den Tom Wirion.

Invité vun der Redaktioun: Tom Wirion

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.