"Mir brauche méi modern Gemengen"
En Dënschdeg de Moie waren d'Duebelmandater Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"D'Aarbecht am Staatsrot huet mir gutt gefall. Ma, et war kloer, wann ech an d'Chamber gewielt ginn, dass ech dat Mandat unhuelen - och wann ech net domat gerechent hat, déi Kéier direkt gewielt ze ginn." Dat sot de Laurent Zeimet en Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Den CSV-Buergermeeschter vu Beetebuerg ass no 5 Kéieren, an deenen hie mat an d'Wale gaangen ass, dës Kéier fir d'éischt direkt eragewielt ginn. En Dënschdeg de Mëtteg gëtt hien als neien Deputéierte vereedegt a wäert dofir am Staatsrot demissionéieren. Dëst duebelt Mandat wëll den zukünftegen Député-maire elo Mol unhuelen a kucken, ob hien déi Aarbecht och packt. Hie wier och op, fir iwwert Sënn an Zweck vun den duebele Mandater ze diskutéieren.
Eng Gemenge-Police bannent der normaler Police
De Laurent Zeimet ass fir d'CSV am Aarbechtsgrupp "Moderne Staat", déi aktuell jo an de Koalitiounsverhandlunge sinn. Detailer konnt de Politiker do nach keng ginn, well den Aarbechtsgrupp eréischt e Mëttwoch fir d'éischt beienee kënnt. Et géing drëm goen, d'Parteiprogrammer niefteneen ze leeën an ze kucken, wat ee kéint a wéilt zesummen ëmsetzen. Eng Gemenge-Police stoung notamment esouwuel bei der CSV wéi och bei der DP am Programm. Dës misst bannent der normaler Police funktionéieren an net eleng dem Buergermeeschter ënnerstoen. Et wier wichteg, dass d'Police eng Presenz um Terrain huet an, dass d'Gemenge-Reglementer agehale ginn. Dacks hätt een als Gemeng de Problem, dass een zwar ee Reglement hätt, besonnesch bei Nopesch-Streidereien, mee et kréich een dës net ëmgesat, well den "Aarm hannendru" feelt, sou de Beetebuerger Buergermeeschter Zeimet.
Méi modern Gemengen
Allgemeng misst een d'Diskussioun iwwer d'Gemenge méi breet féieren an d'Fro stellen, wéi vill Gemengen een iwwerhaapt bräicht. Aktuell wieren et 100 Gemengen, mat 100 verschiddene PAGen, 100 verschiddene Police-Reglementer an 100 verschiddene Virschrëften, déi d'Leit misste kennen an applizéieren. Ass dat wierklech de moderne Staat vu muer? Déi Fro stellt sech de Laurent Zeimet. A werft donieft op, dass et un der Zäit wier, fir e méi modernt Gemengegesetz. Dat aktuellt Gesetz vun 1988 hätt zwar seng Meritten, mee dat wieren déi nämmlecht Reegele fir eng Stad Lëtzebuerg wéi fir déi klengste Gemeng am Land (Gemeng Sëll). Do misst ee méi modern ginn an de Gemenge méi Spillraum ginn, wa se déi néideg Gréisst hunn, sou de Laurent Zeimet.
Eng aner Fuerderung aus dem CSV-Walprogramm ass, fir d'Limitt vun der Awunnerzuel an d'Luucht ze setzen, déi et brauch, fir kënnen vun engem Majorz- op e Proporzwalsystem ze wiesselen. Vun 3.000 Awunner op 6.000. Vill kleng Gemengen hätten nämlech de Problem, dass et schwéier wier, fir Leit ze fannen, déi sech op enger Partei-Lëscht wéilten engagéieren. Et géing ee gesinn, dass da Lëschten [Biergerlëschten n.d.l.r.] entstinn, déi scho méi oder manner offensichtlech eng Partei-Etikett hunn an do misst ee sech dann iwwer de Sënn an Zweck vun 2 verschiddene Systemer ënnerhalen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.